Diskussioun:Quetschlik Godchaux

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wat interessant ass: Am "Warte"-Artikel, deen an eisem Artikel ernimmt gëtt, heescht de Mann e puer Mol "Quetschlik". --Cornischong 21:11, 27 Januar 2007 (UTC)

An deem Artikel ass de Quetschlik Godchaux 1799 gebuer. --Cornischong 21:13, 27 Januar 2007 (UTC)

Op dem Fabien Godchaux senger Web-site [1] heescht de Mann Guetschlick. --Pecalux 10:46, 28 Januar 2007 (UTC)

Moien. Déi Diskussioun hei ass schonn eng méi laang Zäitchen op… mä et gëtt ëmmer méi komplizéiert! Am Acte de mariage (www.familysearch.org) heescht de Mann „Guetchlique“ wat dann héchstwarscheinlech duerno op „Guetschlik“ oder „Guetschlick“ ëmgedäitscht gouf.

Kéint et sinn datt de „G“ iertemlecherweis als „Q“ entziffert gouf an de Mann dowéinst hei ënnert dem Lemma „Quetschlik“ gefouert gëtt?

Onkloer ass och de Gebuertsdatum: am genannten Acte steet den 31. Oktober 1798, sou wéi och hei am Artikel. Op der Plack um Graf steet awer den 2. November 1798… GilPe (Diskussioun) 20:32, 29. Abr. 2021 (UTC)[äntweren]

Den Numm schéngt och zimmlech eenzegaarteg ze sinn. Beim googele fënnt een en néierens soss wéi a Relatioun mat de Godchaux. --Les Meloures (Diskussioun) 07:29, 30. Abr. 2021 (UTC)[äntweren]