Diskussioun:Réibierg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Op ville Plazen heescht dee Bierg "Rebierg". Bis elo hunn ech awer nach net erausfonnt mat wat de "Re" soll heeschen. D'Fro déi sech stellt ass also op de "Re" eppes mat engem "Réi" (lat: Caprelus capreolus) oder mat "Reen" ze dinn huet. Oder weder nach? Wann de "Re" vu "Reen" kënnt, misst et dann net "Reebierg" sinn?--Fliedermaus 15:57, 20. Jan. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien, Du stells pertinent Froen, mee bei Toponymen ass den Uersprong, deen alt Joerhonnerten zeréckgoe kann, dacks nëmmen duerch Deduktioun ze roden. Et wier rar, wann Een eng Kéier décidéiert hätt: 'Vun haut un nenne mer dat Déngen esou' an dat och nach, mat Erklärung, an engem Akt festgehalen hätt. D'Déier ass op jiddfer Fall méi plausibel wéi de Reen (ech gleef kaum, dass et grad op deer Kopp aussergewéinlech vill méi gereent hätt, wéi soss doruechter, sou dass en d'Leit déi dono genannt hätten), mee och aner Etymologië vu "réi" am Sënn vun "onverschafft, ouni eppes drop", fale mer an, a wann ee bis an d'Keltescht siche geet, da komme sécher nach aner Bedeitungen/Spekulatiounen... --Zinneke 16:09, 20. Jan. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien och,

Op der topographescher Kaart steet Rébierg. Als ale Kéinziger, kennen ech perséinlech kee Mënsch deen do an der Géigend Rébierg, oder Reebierg seet. Den SES nennt e Rebierg, wat mer och ganz komesch virkënnt, well an deem Fall wier den e net betount. Ech hunn et alt emol geschriwwen wéi déi meescht Leit an där Géigend et ausschwätzen. Les Meloures 16:24, 20. Jan. 2010 (UTC)[äntweren]

Rebierg Ech sin e Garnicher an x-ter Generatioun. Mär hun doheem ëmmer Rebierg gesot, an net Réibierg. Et misst e wëssen, aus wat fir engem Duerf den Numm hirkënnt. Warscheinlech jo éischter vu Garnich wéi vu Kéinzig, well vu Kéinzig aus ass et jo net onbedingt e Bierg, mä d'Verlängerung vun enger Plateau. Et gët iergendwou en Artikel (Revue, Zeitung oder Brochure) wou d'Fro och diskutéiert gëtt. Do heescht et, dass um Bierg net méi Réi wieren oder waren wéi ronderem. Mä wann déi al Garnicher de Bierg gedeeft hun, da kéint dat sécher vu "Reen" kommen, well zu Garnich kënnt de Reen jo dacks vum Rebierg, am Westen, oder de Rebierg hält de Reen vum Duerf ewech (der Garnicherbierg aus en Ausleefer vum Rebierg). Ech mengen, et sollt een ob jidde Fall Réibierg ersetzen. Ob en da soll Rebierg, Rébierg oder Reebierg soll schreiwen, dat wee ech net.

Moien
Den SES nennt de Bierg a sengen neien Dokumentatiounen och nees --Rehberg--.
Op den topographesche Kaarten, vun ëm 1900 déi zum gréissten Deel däitsch beschrëft sinn, steet och --Rehberg-- an net --Regenberg-- woubäi mer erëm beim Réi ukomm wieren. --Les Meloures (Diskussioun) 20:02, 28. Okt. 2012 (UTC)[äntweren]

Ech hu mech och emol beim Kadaster ëmgekuckt. Op den alen Topo-Kaarten fënnet een dat hei:

  • 1907: Rehberg
  • 1927: Rehberg
  • 1954 bis 1993: Rebierg
  • ab 2000: Rébierg

Bei den aktuellen "Toponymes cadastraux" steet: Réibierg

Also och dës Source ass sech net eens. Mä eent schéngt mer sécher: Et huet näischt mat Reen ze dinn. --Pecalux (Diskussioun) 06:35, 29. Okt. 2012 (UTC)[äntweren]

Moien. Och wann ob de Kaarten "Rehberg" steet, ass dat nach keng Ursaach, fir ob Lëtzebuergesch "Réibierg" ze soen. Dat erënnert een drun, wéi "Puristen" nom Krich gemengt hun, aus Bouneweg misse "Bounewee" ze maachen. (net signéierte Beitrag vum Benotzer:Alibarthel).

Gëtt et eng Quell an der Literatur déi bei deem Bierg op de Reen hiweist. --Les Meloures (Diskussioun) 09:57, 3. Nov. 2012 (UTC)[äntweren]

Um Urkadaster vun 1821 steet "Auf dem Rehnberg". 1856 schreiwt de Paschtouer Nik. Schaack vu Garnich an de "Publications de la Section Historique" am Artikel "Kirchenstatistik der Pfarre Garnich": " Der Rähberg, dessen Name ich bald Rehnberg, bald Rechberg, Regenberg, geschrieben und interpretiert finde, scheint mir von nichts weniger als von Regen und Berg herzustammen. Ich bemerke immer, dass es gleichzeitig und gleichviel im Thale sowohl als auf dem Berge regnete." Hie behaapt tatsächlech, den Numme kéim vu Réi (Reh/chevreuil) an d'Jéer ginge déer Déieren och do en ettlech schéissen. Ech hu mech a ménger virechter Diskussioun geiirt. Trotzdem huet meng Mamm, déi vun ca. 1950 un zu Garnich ass, confirméiert, dass mär ëmmer Rébierg gesot hun, an nit Réibierg. Et gët eng Revue aus de 70er Joeren mat engem Artikel "Von Garnich, dem Reberg und Schätzen". Bestëmmt steet do eppes Interessantes iwert den Numm vum Bierg. --Alibarthel (Diskussioun) 22:36, 3. Nov. 2012 (UTC)[äntweren]