Diskussioun:Rëmeleng

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Keng Vogesenausleefer[Quelltext änneren]

Rëmeleng läit an deem vun der Keelbaach gegruewene sougenannte Keeldall (Käldall fir d'Awunner).

D'Koppe ronderëm sinn Ausleefer vun de Vogesen a räich u Minett.

Hat do een net opgepasst am Geographiesunterrecht? Nilrom (Diskussioun) 08:02, 3. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]

Dat wier flott wa se dat am Geographiesunterrecht duerchgeholl hätten, hu se awer net. Déi Informatioun koum vum Héieresoen, an huet sech als eendeiteg falsch erwisen. Eng méi detailléiert Diskussioun zum Thema fënnt sech um Zinneke senger Diskussiounssäit. Datt eppes aus dem Artikel geholl muss gi wat sécher falsch ass, dat ass kloer. Déi ongekläerte Fro blieft awer: wann et keng Vogesenausleefer sinn, wat ass et dann, wéisou fänken am Süde vum Land abrupt Bierger un? Huet sech déi Doggerschicht wéi vun engem Magnéit ugezu just do ofgesat an net nërdlech dervun um Rescht vum Liassandsteen, oder ass et ëmgedréint datt iwwerall eng Doggerschicht iwwer d'Liassschicht koum an herno gouf d'Doggerschicht duerch e Wonner iwwerall komplett ewechraséiert ausser am Süde vum Land? A wisou, well e Magnéit oder Wonner war et sécher net? --Otets ♣ 19:54, 3. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]
Zu denge I-Butze-Froen hei well ech der eng kleng Geschicht erzielen: De Mann koum owes stackbesoff heem. Du sot seng Fra: "Ech vestinn net wéi ee Mënsch souvill saufe kann?" Du sot hien: "Wann s de näischt dervu verstees da schwätz och net driwwer."
Mat der Geologie ass et genee dat selwecht. --Les Meloures (Diskussioun) 09:36, 4. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]
Natierlech verstinn ech näischt dervun, dofir schwätzen ech o net driwwer mee ech froen am Hoffes datt een äntwert deen eppes dervu versteet. --Otets ♣ 11:11, 4. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]

Lokalhistoriker[Quelltext änneren]

de Mon heescht Charpantier
Da si mer lo frou datt mer wësse wéi säin Numm ass. Virdru war dat net sou kloer. --Les Meloures (Diskussioun) 22:06, 3. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]
Ech weess, ech hat mech op enger Plaz verdongen. Iwregens gëtt e mam Hausnumm Koschtesch Nic. genannt. --Otets ♣ 22:29, 3. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]