Diskussioun:Radio
Sujet derbäisetzenAusgesinn
Leschte Kommentar: viru(n) 9 Méint vum GilPe am Sujet Sender
Sender
[Quelltext änneren]Moien,
Bei "Radiosender" hu mer hei eng gewëss Ambiguitéit:
- engersäits ass e 'Radiosender' eng technesch Anlag, fir Radiowellen auszestralen, wat meeschtens iwwer Antenne geschitt;
- anerersäits versteet een och als 'Radiosender' déi Struktur (Firma, asb., asw. déi, meeschtens ënner engem bestëmmten (Marken)numm, Radiosprogrammer ausstraalt.
Fir dat éischt gëtt et schonn Sender (Anlag), ma do ass och d'Tele mat derbäi.
Kuerz: do misst e bësse getässelt ginn... Zinneke (Diskussioun) 17:27, 2. Abr. 2025 (UTC)
- Jo, effektiv, do hat ech net wäit genuch iwwerluecht. Kéint een dat wat een als Radiosender versteet (Eldoradio, 100,7, etc) als Radiosstatioun definéieren an de Radiosender mam Sender (Anlag) fusionéieren an eng Weiderleedung vun deem engen op den anere maachen?
- D'Alternativ wär fir Radiosender esou stoen ze loossen, an der Intro ze soen, datt et metonymesch fir d'Statioun gebraucht gëtt a fir dat méi Technescht op Sender (Anlag) ze verweisen?
- Wéi gesitt dir dat? | GilPe (Diskussioun) 19:44, 3. Abr. 2025 (UTC)
- Bon, ech hunn d'Säit Radiosender emol ugepasst an hoffen, datt et elo méi koherent a verständlech ass. | GilPe (Diskussioun) 20:35, 4. Abr. 2025 (UTC)