Diskussioun:Ralenti

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Et deet mer leed mä de Ralenti ass net de Leerlaf.

Les Meloures 17:41, 13. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]


Moien,

Ech hunn dësen Artikel emol gespaart, fir net ëmmer all déi falsch Interwikie mussen eraushuelen ze kommen, déi iwwerall op anere Wikien doruechter geeschteren, a sech hihinner verlafe kënnen.

Wann ee wëllt um Artikel weiderschaffen, einfach bei engem Admin mellen, da gëtt en opgemaach.

Les Meloures 18:53, 13. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien,

"de Ralenti ass net de Leerlaf". Wier et méiglech kuerz den Ënnerscheed erkläert ze kréien tëschent engem "Motor am Leerlaf" an engem "Motor am Ralenti"?--Fliedermaus 10:41, 14. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]


Mol einfach an den Artikel Leerlaf kucken.
De Ralenti ass e sougenannte Regime vum Motor, meeschtens déi niddregst Tourenzuel bei där de Motor nach normal ouni schwéier Belaaschtung dréint.
E Motor kann am Ralenti sinn ouni am Leerlaf ze sinn, ëmgedréint kann en am Leerlaf sinn ouni am Ralenti ze sinn.

Les Meloures 11:27, 14. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]