Diskussioun:Referendum vum 10. Juli 2005

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Heihinner ka jiddfereen säi Pefferkär zum Artikel iwwer de 'Referendum vum 10, Juli 2005 ofginn.

Vill Spaass mam aktualiséiere vun de Linke op d'Säite vun deene politesche Parteien, déi hir Haaptsäit zur Linksäit iwwert de Referendum gemaach hunn, well an engem Mount wäerten déi wuel en anert aktuellt Thema op hirer Haaptsäit verlinken. --Otets ♣ 00:45, 29 Jun 2005 (UTC)

  • Ech sinn d'accord mam Otets: dat hei ass eng glungen, well naturgeméiss zimmlech ephemär Säit. Mee ausnahmsweis kann een se als 'Lackelsäit', an och Linksammlung (wat Wiki jo am fong net sollt sinn), stoe loossen. Méi spéit, giff ech mengen, kinnt dat, wat rescht bliwwen ass, an d'Säit Referendumen zu Lëtzebuerg eriwwergeholl an integréiert ginn.

Mee wou mer scho beim Sujet sinn: intressant wir et, "ee" giff sech den Artikel "Traité iwwert eng Konstitutioun fir Europa" virhuelen; fir emol z'explizéieren, iwwer wat do dann elo ofgestëmmt gëtt...

Zinneke.

Den Traité vu Maastricht ass bekannt als "puissant somnifère", dofir hat ech u sech net direkt esou de Courage, mech un deen heiten Traité iwwerhaapt ze woen, aus Angscht déi 485 Säite stoark Lecture wier d'selwescht... --Otets ♣ 11:26, 29 Jun 2005 (UTC)

  • Ouni deng Aschätzung vum Ënnerhaalungswert vun deem Opus a Fro ze stellen: Mär schreiwe jo hei och Artikelen iwwert d'Liewe vu Leit, ouni hier Famill, Nopern a Frënn befrot, Tagebicher duerchgelies a Sekundärliteratur in extenso inhaltlech duerkämmt ze hunn... D'Struktur, déi grouss Linnen, wat ass Nei par rapport zu vierdrun, den Historique (kann aus dem "Referendumen"-Artikel eriwwergeholl ginn, well dat do net esou ausféierlech muss stoen), dem Ausgläich halber ee Kapitel "Wat soen d'Kritiker" (dovunner waren der jo schon déi lescht Deeg hei äerdeg, déi do matschreiwe wëllen) - dat wier dach emol schon en Ufank??

--158.169.131.14 14:43, 29 Jun 2005 (UTC)