Diskussioun:Regierungsbezierk Uewerpfalz

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Et wier vläicht besser sech beim Lemma un der däitscher Wiki ze orientéieren. Do gëtt et kee Lemma Regierungbezierk Uewerpfalz, mä nëmmen de Lemma Uewerpfalz (Oberpfalz). Als Kategorien huet e Regierungsbezierk a Bezierk (Bayern).--MMFE (Diskussioun) 14:57, 23. Sep. 2013 (UTC)[äntweren]

Als kleng Hannergrondinfo: d'Schabloun "Infobox Uertschaft Däitschland" bedingt, datt all däitsche Regierungsbezierk als Lemma entweder "Regierungsbezierk XY", "Direktiounsbezierk XY" oder "XY" kann hunn. Dat ass esou laang hier, ech weess net méi wéini dee laange Lemma mat Regierungs- respektiv Direktiounsbezierk néideg ass, a wéini e kuerze Lemma wéi z.B. Uewerpfalz duergeet. Ech selwer hat deen Artikel hei op alle Fall einfach als "Uewerpfalz" geschriwwen. Eng zwee Joer drop huet de Les Meloures en op "Regierungsbezierk Uewerpfalz" geréckelt, mat der Begrënnung "wéi déi aner". Fro also einfach emol bei him no firwat dat geschitt ass. --Otets 15:35, 23. Sep. 2013 (UTC)[äntweren]

Moien
Déi Däitsch fueren op verschidde Manéieren déi heiansdo schwéier ze verstoe sinn. Sou hu fir de Regierungsbezierk Schwaben de Lemma Schwaben (Bayern) well et nach d'Schwaben als Volleksgrupp gëtt an nach Schwaben als Landschaft a Schwaben als Begrëffserklärung. Fir all deenen Ëmweeër z'entgoen a fir bei der lb:Wiki sech bei de selwechte Saachen wéi bei sou administrative Begrëffer ëmmer d'selwecht ze behuelen (wat d'Iwwerleeungen an d'Sich schliislech méi einfach an duerchsiichteg mécht) ass et ménger Meeung no einfach besser d'Kand direkt mat sengem administrativen Numm ze nennen. Da brauche mer ons och keng Gedanken iwwer eventuell aner Homonymien ze maachen. Mer nenne jo och ons Gemengen Gemeng etc an an de franséischen Artikelen heeschen d'Arrondissementer wat och eng Zort Regierungsbezierker sinn och Arrondissement souwisou grad esou wéi d'Departementer och Departement Xtz heeschen. Mer nenne jo och d'Landkreesser Landkrees xy. So Benennunge si mol éischtens net falsch a schléissen d'office all Zweedeitegkeeten aus, war och en Avantage ass. Dofir froen ech mech firwat datt dat et bei de Regierungsbezierker net sollt esou sinn.
An dofir mengen ech et wier besser no onse Gewunnechten ze fueren wéi déisät d'Musel kucken ze goen. Viru fënnef oder sechs Joer gouf dat eng Kéier durchgeknat, ech wees awer no iwwer 130.000 Aktiounen net méi wou a wéini genee. --Les Meloures (Diskussioun) 16:06, 23. Sep. 2013 (UTC)[äntweren]
Merci fir d'Explikatiounen, elo gesinn ech och méi kloer. Mä als Konsequenz misst et jo dann awer och en Artikel "Bezierk Uewerpfalz" ginn, oder wéinstens eng Weiderleedung op Regierungsbezierk Uewerpfalz, respektiv dat selwecht fir "Uewerpfalz".--MMFE (Diskussioun) 16:27, 23. Sep. 2013 (UTC)[äntweren]
Remoien,
Dat ass alles scho gemaaach, wéinsten do wou keng Zweedäitegkeete virkomme kënnen. Mat engem Klick op d'Geschirkëscht an duerno op Linken op dës Säit gesäit een dat schéin. --Les Meloures (Diskussioun) 16:53, 23. Sep. 2013 (UTC)[äntweren]