Diskussioun:René Bürger

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Sportsdokter?[Quelltext änneren]

Den Dr René Bürger huet säi Liewe laang als ORL-Spezialist zu Déifferdeng gewierkt. Dat weess ech, a vill anerer och. Dat geseit een och op dëser Websäit vu Legilux --195.46.241.225 07:37, 2. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]

Ups do hat ech wuel ze séier geliest an aus dem Fait datt hien amSport engagéiert war eppes kombinéiert wat esou net richteg ass - dat gëtt esou séier wéi méiglech verbessert.--Robby (Diskussioun) 08:49, 2. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]

Ganz falsch war et net. Den Dr Bürger huet jorelaang, souzesoe niewelaanscht, Sportler ënnersicht déi all Joer en "examen médico-sportif" hu missen iwwer sech ergoe loossen. Dësen "Examen" war vum Sportsminstère virgeschriwwen a gouf regional vun de betreffende Gemengen organiséiert. Als sougenannten "Sportsdokter" huet ëmmer e fräiwellegen Dokter aus der Regioun sech hierginn fir déi virgeschriwwen Untersuchung ze maachen, ob hie Sportsmedizin studéiert hat oder net. Et war e lukrative Nieweverdingscht. --195.46.241.225 10:06, 2. Nov. 2013 (UTC) Säi Familljenumm war Bürger a net Burger. --195.46.241.225 10:22, 2. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]