Diskussioun:Republik vun de Siwe Vereenegte Provënzen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien, Dës Säit huet jo de Mérite, datt se mol besteet, mee s'ass Schwaaaaaaaach! -> onnuancéiert, lückenhaft, asw. Frëschmaache w.e.g.! Merci, d'Co-Locatairen

Gudde Moien, d'Co-Locatairen
Wann ech an aner Mataarbechter och mat Iech d'accord sinn datt verschidde Säiten op der lb:Wiki, an net op der lb: aleng, schwaaaaach sinn, sou wiere mer op der aner Säit och frou wann een ons kéint d'Leit zur Verfügung stellen déi all déi Fuerderungen déi hei an de leschte véierzéng Deeg op d'lb:Wikipedia zoukomm sinn, géifen erfëllen.
Vergiesst w.e.g. net datt d'Wikipedia aus fräiwellege Mataarbechter besteet, vun deenen der sech eng grouss Partei net staark genuch fir d'Geschicht intresséieren, fir op esou Fuerderungen anzegoen. Wann dann och nach deen een oder anere sech derfir intresséiert, sou reagéiert en doutsécher net op Opfuerderunge vu Leit déi selwer nach kee Pond op der Wiki matgeschafft hunn. Sou Sätz wéi hei uewendriwwer bréngen héchsten eng Contraire-Reaktioun zu stanen.
Dovunner ofgesinn goufen eng Parti Artikele vu Leit ugeluecht, déi haut net méi op der Wiki aktiv sinn. Sollen déi aner Mataarbechter sech elo duerfir responsabel fillen? Oder wéi gesitt Dir dat?
D'Wikipediaen, dat heescht net nëmmen déi lëtzebuergesch, revendikéieren och net datt se perfekt sinn, wann och de Perfektionnissem sou gutt wéi méiglech soll ugestrieft ginn.
Wéi gesot Fuerderungen, déi doriwwer eraus an zimmlech latzegen, an onhéiflechen Tounlagen hei erakommen, hu keng grouss Chancen dat iergendee Fräiwëllegen sech dofir hiergëtt, fir deenen nozekommen.
Mengt wgl. nëmmen net et wier ëmmer e grousse Spaass fir alles nozekucken. Et gëtt hei op der Wiki Leit, déi reegelméisseg Saachen nokucken, a Linken an Interwikien déi iertëmlecherweis falsch gesat goufen, verbesseren. Anere schaffen am Hannergrond bei Iwwersetzunge mat, fir datt den Interface vun de Säiten a lëtzebuergescher Sprooch stänneg a jour gehale gëtt, wat et Iech souguer erméiglecht als agedroene Benotzer op all Wiki d'lëtzebuergescher Sprooch fir d'Navigatioun ze benotzen, an d'Systemmessagen op Lëtzebueregesch ugewissen ze kréien. Dat alles ass en décke Pak Aarbecht, dee gemaach gëtt, fir all neiem Mataarbechter e méiglechst grousse Komfort ze bidden. Déi Leit déi dat maachen, hunn alleguerte bis elo keng Fuerderungen hei gestallt. Si hu bis elo just matgeschafft, stonnen- deeg- a jorelaang.
Da kommen nach sougenannt Co-Locatairen wéi Dir et nennt, ech perséinlech mengen domat d'IPen am Allgemengen, déi aus purer Tockskäppegkeet express falsch Interwikien a Linke setze kommen. Bei sou Saache kritt dee gedëllegste Mataarbechter en décken Hals.
Dann nach eppes aus der Erfarung op der Wiki: Vun all deenen déi hei déck Téin späize komm sinn huet nach bis elo nach keen, (et gëtt do eng oder zwou Ausnahmen), en halwe Liter Mëllech ginn.
Wat déi hei uewendriwwer ernimmte Perfektioun ugeet verweisen ech op den Artikel vun der Stackwiki, der Wiki an englescher Sprooch. Dir kënnt dat op der en:Wiki ënner der Iwwerschrëft Wikipedia is a work in progress: perfection is not required noliesen.
Les Meloures 12:56, 8. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

Bonjour! Dat ass zwar nët déi Äntwert, déi ech an der "Debatt Holland (9 x vun 10 falsch gebraucht) <-> Nidderlanden" erwaart hunn, mee sou kann een sech ebe laanscht de Progrès stielen. Kee schwätzt nämlech vu Perfektioun, mee jidderee soll progresséiere wëllen. Meng Co-Locatairen an ech, alles Leit, déi ët gutt méngen an een zolitte "bagage intellectuel" (+ eng ganz grouss Bibliothéik)hunn, mee absolut fräi wëlle bleiwen, hunn an deene leschten 8 Méint nët manner ewéi 45 nei Säiten ugeluecht, an nët manner ewéi 60 Säiten iwwerschafft, nëmmen a Gebidder, wou mer äis doheem fillen . Domatt gëtt sech nët gebretzt, mee mir akzeptéieren nët, datt Leit, déi eng sécher sënnvoll Kontrollfunktioun hunn, ëmmer nëmmen Hoer an der Zopp fannen a richteg toxkäppeg bei deem bleiwe, wat si fir richteg halen, och wann ët falsch ass oder d'Leit veronsëchert oder lächerlech ass. Ech mengen, datt mer nët dolaanscht kommen, fir eng Rubrik anzëriichten, mat geopolitische Begrëffer, déi am Raum ewéi och an der Zäit verschidde Bedäitunge konnten / kënnen hunn. Da kann een herno déi verschiddenst Säiten, wou Nimm ewéi Holland, Nidderlanden, Siwe Provënzen, Burgundesche Krees, mee och Belsch, "provinces belgiques", "États-Belgiques Unis" a "Flanderen" (-> Grofschaft bis zur Franséischer Revolutioun; Regioun am federaliséierte Belgien), asw., mat deer Rubrik oder Lëscht verbannen (pardon: verlinken). Ech proposéieren also, fir unzefänken, eng Lëscht mat : Belsch; Flanderen; Holland; Nidderlanden. Spéider kënne mer äis och nach mat "Wallonie" amuséieren, well do muss och een Ënnerscheed gemaach ginn tëscht der Verwaltungsregioun an der linguistescher Realitéit um Terrain (d'Arelergéigend ass jo op kee Fall "wallounesch", mee Virton oder Tournai och nët...). Ech si gespaant op d'Reaktioun a soë merci am Viraus! E schéinen Dag nach, CHRIS

Moien,
Ma da fuer emol duer mat der Lëscht. Les Meloures 13:36, 9. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]