Diskussioun:Sëll

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Fotoen no ënnen an de Fotoalbum, fir de Layout e bëssi méi iwwersichtlech ze maachen": Ech si mer bewosst, datt bei munnege Wikipedisten den Humor anescht verdeelt ass wéi bei aneren, awer dat huet mer besonnesch gefal. Zwou Fotoen, bei deenen op den éischte Bléck "eppes" net stëmmt, ginn nach e bëssi méi kleng gemaach, wéi se scho sinn, fir de Layout vun engem Artikel vun engem Saz (!!) "méi iwwersiichtlech" ze maachen. Dobäi ass den "Artikel" scho lëfteg genuch. Dann e puer Wuert zu de Fotoen. Dat mam Sprangbur ass offensichtlech net gesenkelt, wéi et an deem Fall kloer um Waasserstand z'erkennen ass. Dat anert mat dem "Deel vun der Kierch", ëm watfireen et geet gi mer leider net gewuer, ass wann een e Bléck op den Histogramm riskéiert iwwerbeliicht a verblatzt a kromm, wat eleng un de Gitterstief gutt ze gesinn ass. Doriwwereraus kéint et opfalen, datt dat Bild ënnen a riets e wäisse Bord huet, op deenen anere Säiten awer net. Ech verstinn natierlech, datt en "Artikel", deen aus engem Saz besteet, mat engem Fotoalbum muss gerëscht ginn, iwwer deem, op mengem Komputter nach vill wäiss Plaz ass. Ech huelen un, datt et wéinst dem Layout ass, deen esou méi iwwersiichtlech ass. Well mäi Psychopater mer sot, ech soll net esouvill Saachen ofschlécken, dat wier net gutt fir d'Mënschen, hunn ech mer geduecht, ech schréif et néier. Merci fir d'Opmierksamkeet. --Cornischong 20:50, 24. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien,

a Merci fir Är Remarquen zu dësem Artikel.

D'Wikipedia ass e Gemeinschaftsprojet, deen doduerch wiisst, datt d'Artikele vun de Mataarbechter verbessert an ausgebaut ginn.

Wann Dir Eppes fonnt hutt, dat kéint verbessert oder méi kloer ausgedréckt ginn, da schreift et wgl. an den Artikel selwer, op der Diskussiounssäit ass kengem domat gehollef.

Merci, an op eng gutt Zesummenaarbecht!

Dat gëllt natierlech och fir Biller. --Zinneke 22:34, 24. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]


Gudde Moien,

Ech muss feststellen datts, de praktesch ëmmer nëmme Biller vun de selwechte Benotzer hei kritiséiers, bei de Verbesserungen an de geblimmelte Kommentaren derzou ass et dat selwecht. Ech huelen un datt dat puren Zoufall ass.

Wat awer keen Zoufall ass, dat ass datts de bis elo nach ëmmer déi Verspriechen net gehalen hues.

Les Meloures 22:44, 24. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]


Moien
Gouf am Joer 1052 vir deischt schreftlech genannt. gouf am Artikel bäigefléckt.
Mä, wat gouf genannt Sëll oder Schweebech?
Ech hunn dat emol an de verstoppten Text gesat, bis eng Prezisioun dozou kënnt.
Les Meloures 17:37, 18. Dez. 2009 (UTC)[äntweren]