Op den Inhalt sprangen

Diskussioun:Saar

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Sujet derbäisetzen
Vu Wikipedia
Leschte Kommentar: viru(n) 4 Méint vum Volvox am Sujet Formatéierung

Formatéierung

[Quelltext änneren]

Moien zesummen, den Artikel ass aktuell nach work in progress. Et gouf e puer Formatéierungsfeeler, déi ech nach no an no verbesseren. Ausserdeem feelen an der lëtzebuergescher Wikipedia nach verschidde Tabelleschablounen, déi am däitschen Original benotzt goufen, sou datt ech déi net konnt iwwerhuelen. Och hu missen eng Rei Querverweiser erausgeholl ginn, well se hei net existéieren.

Ech schaffen nach drun, fir de ganzen Text unzepassen an ze kompletéieren. Weider Hëllef a Korrekturen si gär gesinn! Medintenso (Diskussioun) 04:40, 24. Aug. 2025 (UTC)Äntweren


Och hu missen eng Rei Querverweiser erausgeholl ginn.
Wat ass mat Querverweiser gemengt a fit wat mussen déi erausgeholl ginn wann et se net gëtt. --2A02:A03F:A199:6C00:CDE5:4BB5:C75C:482F 14:55, 24. Aug. 2025 (UTC)Äntweren
E Querverweis as e blo markéiert Wuert dat op en aneren Artikel an der Wiki hiweist wou ee méi Informatiounen dozou fënnt. Wann deen Artikel net existéiert ass d'Wuert rout markéiert. Wann een dat net wëllt datt et rout markéiert gëtt muss een de Verweis eraushuelen, eigentlech allgemeng bekannt, mee villäicht net ënner dem Numm Querverweis.--MMFE (Diskussioun) 15:14, 24. Aug. 2025 (UTC)Äntweren
Oh ok. Soss gouf dat alt Wikilink genannt. D'Fro ass awer nach firwat muss een déi eraushuelen, wann et se net gëtt? Dat ass dach, sou wäit wéi ech weess, net obligatoresch, wann net souguer kontraproduktiv.
De Benotzer Medintenso beklot sech och datt Schabloune feelen, bréngt et awer net färdeg fir déi, déi et gëtt ze benotzen. Komesch Saache gëtt et.
Fir ze weisen datt en Artikel nach an der Maach ass (work in progress), kann een am Artikel selwer d'Schabloun {{EnCours}} benotzen. Da gesäit jiddereen datt dru geschafft gëtt. Well op d'Diskussiounssäit geet net jiddweree speziell kucken, fir gewuer ze ginn datt nach dru geschafft gëtt. --2A02:A03F:A199:6C00:CDE5:4BB5:C75C:482F 16:24, 24. Aug. 2025 (UTC)Äntweren
Ech wollt just awerfen: „Querverweiser“ heeschen och nach ëmmer Wikilink an ob e Wikilink wuelgesat ass oder net ass onofhängeg dovunner, ob e rout oder blo ass. Wikilinken op (nach) net existéierend Säite sinn absolut legitim. --Volvox (Diskussioun) 03:10, 25. Aug. 2025 (UTC)Äntweren