Diskussioun:Schluecht vu Valmy

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gudde Moien,

Gëtt et e Plang vun der Schluecht op deem draus erfir geet dat se tëscht St. Menehould a Valmy war.

Wann se nämlech wéi um Bild bei der Mille vu Valmy war kann se net tëscht deenen zwou Uertschafte gewiescht sinn well d'Mille läit 600 Meter südwestlech vu Valmy a St. Menehould läit 9 km am Osten. Les Meloures 23:59, 25 Juni 2007 (UTC)

Monument vum Generol Kellermann bei der Mille vu Valmy

Op e Grapp net un[Quelltext änneren]

"Um Spaweck" gi mer op "Hérodote.net" opmierksam gemaach. Do liesen ech: "47.000 Français adossés à un moulin font bientôt face à 34.000 Prussiens sous le commandement du duc de Brunswick." An eiser Këscht geet vun 80.000 Preise Rieds. --Cornischong 07:21, 26 Juni 2007 (UTC)

D'Aen op oder de Beidel[Quelltext änneren]

De Link op "Die Kanonade von Valmy 1792 : ein revolutionärer Mythos ?" ass natierlech och interessant. Do kréie mer fir 3,95 € 4 Word-Säite Material. Dofir kréie mer awer en Niveau "bac+4", kréie mer erzielt. Leeë mer zesummen? --Cornischong 07:28, 26 Juni 2007 (UTC)

Vun hei bis do[Quelltext änneren]

Den zweete Spaweck-Link ass e ganz lousen. Beim "net4war.com" (com!!) waren et tëscht "34.000 à 59.000 hommes". --Cornischong 07:36, 26 Juni 2007 (UTC)

Linken op Wat-der-Däiwel[Quelltext änneren]

Deen éischte Link kann och net iwwerzeegen: Mat "Par un coup de génie, il réussit à s'échapper. A la faveur de la nuit, sans torche et sans bruit,...... " si mer am Mäercheland. Am Eescht: Mat Krätz-Linke maache mer eis do net ganz e bësse lächerlech? --Cornischong 07:47, 26 Juni 2007 (UTC)