Diskussioun:Sonnendäischtert

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Eis "Bibel" hëlt nieft "Sonnefinsternis" nach "Sonnendäischtert" --Cornischong 12:17, 1 Mäerz 2006 (UTC)

Mir kënnen et och Sonnendäischtert nennen, ech si flexibel ... :-) Ech hunn dat just nach nie heieren --Alexandra 13:46, 1 Mäerz 2006 (UTC)

Ech mengen mir mussen net méi helleg wéi de Poopst sinn, an ech fannen dat mer dat Wuert wat een emmer nëmmen an dem Fall héiert Sonnefinsternis sollen huele fir eisen Artikel. Sonnendäischtert wierkt e bessen exotesch. Johnny Chicago 14:01, 1 Mäerz 2006 (UTC)

Sonnefinsternis ass an der Rei, Sonnendäischtert war just 1999 um Analphabetesender an er Moud a ka vu mir aus bis zur nächster Sonnefinsternis nees vergiess ginn --Marcus 14:10, 1 Mäerz 2006 (UTC)

Finster Ausdréck[Quelltext änneren]

Soll ech mech wonneren, wéi hei mat Gefiller hantéiert gëtt, wann et ëm en Ausdrock geet. Deen een argumentéiert, datt 1999 een Analphabetesender (wie soll dat eigentlech sinn?? Den RTL kann et net sinn, well dat deen eenzege Forum ass, op deem den Alain Atten heiansdo schwätzt, den Eldoradio ass mär zevill topeg, dowéinst kann ech dat net beurteelen; da bleift nach den 100,7 oder wien?) en Ausdrock gebraucht huet, deen eleng doduerch hei "net an der Rei" soll sinn. En Anere "mengt" datt mer net "musse" méi hellech wéi de Poopst sinn, mee dat mer "sollen" e Wuert huelen, dat "een" (wien ass dat dann?) "ëmmer" (wierklech??) an deem Fall héiert. Wat verfinstert dann hei eist tolerant Denken, mer sinn dach net am finstere Mëttelalter. Fir Finsternis (wien huet dat da schonn héieren oder zuguer gelies?) fannen ech bei Leit, déi nawell e proppert Lëtzebuergesch vu sech ginn "ëmmer" den Ausdrock Däischtert. Da musse mer mol déi nächste Kéier, wann et am Dag finster gëtt, oppassen wéi d'Vollek dat nennt. --Cornischong 15:21, 1 Mäerz 2006 (UTC)

An deem Fall muss ech zouginn datt ech och net zu deene gehéieren déi e proppert Lëtzebuergesch schwätzen, well ech och "Sonnefinsternis" soen; mee misst "finster" net och nach kënne mat "fënster" iwwersat ginn? Wéi z.B. bei Fënsterdall, fënstert Mëttelalter, ...? Woubäi ech Sonnefënsternis och zimmlech komesch fanne géif. Myriam 16:55, 1 Mäerz 2006 (UTC)
Ass et esou schwéier eng Kéier nozeginn, Michael Kolhaas pardon Cornischong? Wann een emol eng Kéier an der Däischtert heem muss goen , muss et net onbdengt Nuecht sinn et kann och emol eng Kéier eng Sonnefinsternis sinn. Wann déi zwee Wieder schons am Dictionnaire stinn, firwat dann net dat geleefegt huelen.? Elo hu mer erem eng Diskuussioun ouni Enn, iwwert en Artikel de scho geschriwwe war, an iwwert e Wuert dat et am lëtzebuergesche gëtt. JHarker 17:25, 1 Mäerz 2006 (UTC)
    • Op der Foto ass eng rengförmeg Sonnendäischter ! --SITCK 20:09, 14 November 2006 (UTC)

Ass et Zoufall? Déi finster Figuren kruten hire Wëlle gedoen, an hu sech alleguer verfinstert. --Cornischong 20:56, 26 Mäerz 2007 (UTC)