Diskussioun:Sophisten

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien. Do schreift also eng gutt Séil eppes iwwer Sophisten, an en nennt dat och esou. Den Text ass onbehollef, mä mer si jo net sou. Da kënnt en Onschëllegen, deen dat Ganzt op "Sophist" schleeft, an dat ouni ze wëssen, ëm wat et geet. Mat anere Wierder, mer sinn nach ëmmer bei de Sophisten, mä nëmme bei engem. Dat geet awer net duer. Da gëtt den Text nees ëmgedeeft, an e gëtt op de Sophismustipp gehäit. Wéi nennt een eng Band Onschëlleger? Schreift léiwer iwwer Maulefskéip. Den Edisdentalist, deem seng Philosophie och nach net hei beschriwwen ass. Hutt e gutt Daach. (vum Edisdentalist geschriwwen)


Moien
Gesinn ech dat falsch mat der Eenzuel am Lemma? Oder zënter wéini sinn eis Lemmaen an der Méizuel. Ech losse mech gäre beléieren. Wann et ëm d'Sophiste geet sou wéi et am Artikel steet, ass do de Begrëff an der Eenzuel net Sophist. Mee et gett vläicht eng sophistesch Erklärung dozou.

Les Meloures 16:23, 14. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

Keng sophistesch, mee eng logesch Erklärung[Quelltext änneren]

  • "Gesinn ech dat falsch mat der Eenzuel am Lemma?" : Jo
  • "Oder zënter wéini sinn eis Lemmaen an der Méizuel." ? Eis Lemmae waren nach ni einfach esou an der Méizuel E Beispill: Hënn
  • "Wann et ëm d'Sophiste geet sou wéi et am Artikel steet," da muss en an der Méizuel stoen

"ass (.) de Begrëff an der Eenzuel net Sophist." ? Dach.

  • Kuckt och an der de-Wiki: "Sophisten".
  • De Begrëff "Sophisten" huet mat "Philosophie" ze dinn; de Begrëff "Sophismus" net!
  • Kuckt och an der de-Wiki: "Sophismus (Rhetorik)". Dat war et schonns; --Cornischong 18:38, 14. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]


Merci
Ech hat mech un d'Eenzuel vun dem Lemma gehalen, an dommerweis huet d'fr. Wiki fir de Lemma Sophiste och eng Eenzuel ausser déi hunn en Adjektiv als Lemma, wat alles méiglech ass. Mee soll ee jo och net knäipen. Les Meloures 09:57, 15. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]
Am Larousse en trois volumes hat ech och nogekuckt éier ech op Eenzuel geréckelt hat. Also sou ganz liichtfankeg hunn ech dat net gemaach.


  • "Wann et ëm d'Sophiste geet sou wéi et am Artikel steet," da muss en an der Méizuel stoen.
Natierlech dat verstinn ech, wann et esou am Artikel steet.
Wat ech net verstinn ass, fir wat datt am Artikel net ka stoen: Am ale Griicheland war e Sophist ursprénglech e Philosoph. Wier dat falsch. An der de:Wiki an an der fr:Wiki ass de Lemma Philosoph och an der Eenzuel.
Ass de Lemma Sophist an der Eenzuel net ze erklären.
Oder sinn d'Sophisten eng Famill wéi d'Hënn.
Entschëllegt mech wann ech esouvill Froen hunn, ech si vläicht schwéier vu Begrëff, awer et ass nëmmen am Sënn fir Feeler an der Zukunft ze vermeiden.

Les Meloures 10:31, 15. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]



@ Edidentalist:

Da kënnt en Onschëllegen, deen dat Ganzt op "Sophist" schleeft, an dat ouni ze wëssen, ëm wat et geet.

Neen dat war keen Onschëllegen. Dat war de Les Meloures. An den Edidentalist deen hei säi Kommentar gemaach huet, ka mer da vläicht erklären firwat de Lemma muss am Plural stoen amplaz mat onschëlleger Ironie ëm sech ze geheien. Wann ech den Artikel esou liesen verstinn ech dat nämlech net. Firwat verbessert den Edisdentalist den Artikel dann net, an zwar esou datt jidderee versteet firwat et e Plural soll sinn.

ECH GLEEWEN NET datt dat muss e Plural sinn bis dat ordentlech erklärt ass. Les Meloures 12:08, 15. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]