Diskussioun:Stéier (Astrologie)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ech fannen, deen astrologesch Flouzirkus huet hei absolut (!) näischt verluer. An dann och nach déi Lëscht vun "de Stéieren". Liese mer lo gläich aus de Kazendäerm oder Kaffissaz? --Cornischong 23:20, 3 Dezember 2006 (UTC)


Kuck emol do en:Taurus (astrology) Les Meloures 23:24, 3 Dezember 2006 (UTC)

100% d'accord. Ech setze deen Astrohokuspokus op d'Lesche-Lëscht, an drécken, wa mis moar den owend kee plausibel mécht, firwat déi stoe bleiwe sollen, den "Delete"-Knäpchen. (den Zinneke)
"Physically, individuals born under the sign of Taurus supposedly tend to have a full and square face, small ears, a rounded and dimpled chin, a short and turned-up nose, large and expressive eyes, glowing and opaque skin, full and well-shaped lips, small and even teeth, and thick hair.": -Wann der hei mëll genuch sinn, fir dee Schrott do ze friessen, dann ass dat traureg genuch! Ass dat den Niveau, dee mer hei wëllen ënner d'Leit bréngen?? "supposedly tend to ": Ass et dat wat ënner Enzyklopedie gehandelt gëtt? Fänke mer lo gläich un, all Woch en Horoskop ze publizéieren? Wierklech? --Cornischong 23:34, 3 Dezember 2006 (UTC)


Et ass just schued datt dat eréischt no engem halwe Joer gemirkt gëtt Les Meloures 23:45, 3 Dezember 2006 (UTC)


Quatsch däerf natierlech net an esou en Artikel kommen, an astrologesch Deitunge musse kloer als Standpunkt vun den Astrologen an net als Allgemenggëlteges erausgeschielt ginn. E Spoiler fir all Artikel wier wuel ubruecht. --Otets 15:13, 31. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

"Quatsch däerf natierlech net an esou en Artikel kommen" Dofir si se jo och geläscht ginn. --Zinneke 22:48, 31. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]
PS: Dat Déngen hei heescht "Enzyklopedie" an net "Zänndokteschsalld'attenteslecture"
D'Iddi war jo net fir Quatsch an den Artikel ze setzen, mee fir Artikelen iwwer Quatsch ze man. Gutt, du sees dat kann een och an engem eenzegen Artikel man, dat maach sinn. --Otets 23:57, 31. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]