Diskussioun:Stereomikroskop
Lupp?[Quelltext änneren]
Ee schéine gudden,
Ass dat net éichter ee Mikroskop? Bei Lupp (une loupe) gesinn ech eigentlech just ee Vergréisserungsglas, fir Timberen a Gebrauchsanweisungen ... Stereo vläit anstatt Binokular? --Jwh 01:48, 17. Nov. 2010 (UTC)
- Moien, Binokularlupp kënnt aus dem Franséischen, wou ee geleefeg loupe binoculaire, oder un binoculaire, sou och sous le bino seet. Besser awer ass stéréomicroscope (cf. fr-Wiki). Ech réckelen duerfir of Stereomikroskop (cf. och de-Wiki). --Cayambe 07:51, 17. Nov. 2010 (UTC)
- Moien,
- Op deenen anere Wikien heeschen se esou: Stereosmikroskop Stereo microscope Stereomicroscoop Stereolupe.
- De Google fënnt bei Stereolupe 11.600 Resultater, bei Binokularlupe der 6.320 Resultater.
- Et gëtt och op d'mannst eng Wiki déi erkläert firwat et eng Lupp ass a kee Mikroskop. Déi ginn als Ursach d'Vergréisserung un. (déi schéngt awer nieft der Plack ze sinn)
- D'Mikrobiologische Vereinigung München huet souguer 4 Nimm derfir Das Stereomikroskop (Stereo- oder Binokularlupe; auch Präpariermikroskop genannt).
- Stereo weist op jiddwer Fall op de Stereoseffet hin, woubäi binokular nëmmen ausseet datt et zwéin Okulare gëtt.