Diskussioun:Styx (Mythologie)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Am Lëtzebuergesche sinn, sou wäit ech gesinn, all Waasserleef weiblech. Wier et dann net d'Styx? --Cornischong 18:18, 15 Februar 2006 (UTC)

Jo, dat ass mäi Problem (kuck emol beim Zinneke senger Diskussioun ënnert "Griichesch Mythologie"). Am däitschen ass et "de" Styx, mee gläichzäiteg war et och eng Gëttin, an dat gëtt heiansdo Problemer wanns de den Artikel schreifs. Myriam 21:29, 16 Februar 2006 (UTC)
Dann huel de Stax fir de Floss, an d'Styx fir d'Gëttin, a fäerdeg ass de Lack :-) Da weess all Mënsch, wat gemengt ass. --Cornischong 22:18, 16 Februar 2006 (UTC)

Ech huelen u "Stax" ass e Scheiwfeeler, mee sou einfach ass dat net, dat vermescht sech komescherweis. Myriam 22:30, 16 Februar 2006 (UTC)

Ass de Scheiwfeeler dann elo e Scheiwfeeler oder wéi? :-))) --Cornischong 22:39, 16 Februar 2006 (UTC)

Ups, wéi peinlech .... ;-) Myriam 08:01, 17 Februar 2006 (UTC)

Mer halen eis heiansdo mat Pedantereien zevill laang op :-)) --Cornischong 08:09, 17 Februar 2006 (UTC)