Diskussioun:Taart
Sujet derbäisetzenAn den Dictionnairen
[Quelltext änneren]LOD
[Quelltext änneren]- Taart: https://lod.lu/artikel/TAART1
- Mummentaart: https://lod.lu/artikel/MUMMENTAART1
- Deckelstaart: https://lod.lu/artikel/DECKELSTAART1
Lexikon der Luxemburger Umgangssprache
[Quelltext änneren]- https://dico.uni.lu/?sigle=LLU
- Târt, pl. -en, f. (torrere), die Torte, la torte. — Holl. taart; engl. tart.
- Mummentiærtchen, pl. Mummentiærtercher, f. (boul.), das Äpfeltörtchen, der Apfelkuchen, le chausson, la tourte de pommes.
Wörterbuch der Luxemburgischen Mundart
[Quelltext änneren]- https://dico.uni.lu/?sigle=WLM
- Târt f., Torte; wf. târte, hol. taart, eng. tart, fr. tarte.
- Mummentⁱ?ertchen f., Apfeltörtchen.
Luxemburger Wörterbuch
[Quelltext änneren]- https://dico.uni.lu/?sigle=LWB
- Taart (Pl. Taarten, Dim. Täertchen [s. d.], phV. Süden: Toaart, Mittelösl.: Toaart, Toërt, Echt., Wiltz: Toart, Diekirch: † Touert) F.: «Torte, Obstkuchen» — eng gedeckelt T. (cf. Deckelstaart) — d'Taarte sin eréischt nom Brout an de Bakuewe komm, well en dann nët méi esou warem war, daher: en as mat den Taarten (aus dem Uewen) erauskomm (er ist nicht ganz weise — cf. hallef gebak sub 1) — je nach Belag die Zussetz.: Äärdbier-, Äppel-, Biren-, Kéis-, Kiischten-, Kréischels-, Quetschen-, Rubarbs- (Strénken-), Schmull(en)-, Streiselstaart usw. — Deckels-, Kaff(é)is-, Moummentaart — cf. blann sub 4), Flued sub 1), Kuch, Téitsch, Tëtsch, Äppelklatz;
- Deckelstaart F.: «Obsttorte mit Teigdeckel» — auch: gedeckelt Taart.
- Mummentaart, Dim. -täertchen F.: «Apfel- (auch: Zwetschen-)torte, meist mit Zimt»;
Iwwert den Artikel
[Quelltext änneren]Gudde Mëtten, deen Artikel hunn ech geschriwwen, mat deem wat ech mengen ze wëssen. Et ass schwiereg, well ech keng zouverlässeg Quelle fannen, déi ee kéint zitéieren. Falls also een net mat enger Ausso averstanen ass, da kënne mir dat hei gären diskutéieren.
Ufanks hat ech och geschriwwen:
Eng Mummentaart oder Deckelstaart ass eng Taart, bei der och d'Iwwerfläch mat Deeg bedeckt ass.
Dat well souwuel de Wikipedia-Artikel Mummentaart, wéi och den LOD-Bäidrag d'Mummentaart an d'Deckelstaart als Synonym gebrauchen. Mee fir mech ass d'Mummentaart éischter eng Zort Deckelstaart, an zwar déi mat Äppel. Dat heescht, et kann och eng Deckelstaart mat Kiischte ginn, déi dann awer keng Mummentaart ass. Dat schéngen och déi al Lëtzebuerger Dictionnairen ze bestätegen. Ech géif deementspriechend och den Artikel Mummentaart upassen. Weess iergendee méi? --Bdx (Diskussioun) 14:10, 22. Jan. 2026 (UTC)
- Moie @Bdx,
- Also, ech ka just soen, datt mat enger „Mummentaart“ a mengem Ëmfeld ëmmer eng mat Äppel gemengt ass. Dat ass och dat, wat een um Spaweck esou doruechter fënnt. An enger „Deckelstaart“ (méi allgemeng) kënnen deemno och Kiischten dra sinn… Esou verstinn ech dat och; mä wéi s du scho sees, et gëtt keng zouverlässeg Quellen. | GilPe (Diskussioun) 15:15, 22. Jan. 2026 (UTC)
- OK, merci, ech passen dat dann un!--Bdx (Diskussioun) 08:43, 25. Jan. 2026 (UTC)
- Am Luxemburger Wörterbuch menge se et wier eng Taart mat Äppel oder Quetschen. Mee vläicht ass déi Quell net zouverlässeg genuch. D'Luxemburger Wörtebuch gouf schlisslech net vun engem Bäcker geschriwwen.
--~2026-42379-4 (Diskussioun) 17:36, 23. Jan. 2026 (UTC)
- Am Luxemburger Wörterbuch menge se et wier eng Taart mat Äppel oder Quetschen. Mee vläicht ass déi Quell net zouverlässeg genuch. D'Luxemburger Wörtebuch gouf schlisslech net vun engem Bäcker geschriwwen.
- OK, merci, ech passen dat dann un!--Bdx (Diskussioun) 08:43, 25. Jan. 2026 (UTC)
Flued
[Quelltext änneren]Ech ka mech erënneren dass fréier och dacks "Flued" gesot gouf fir eng Taart. ~2026-50438-9 (Diskussioun) 14:00, 23. Jan. 2026 (UTC)