Diskussioun:Taxi (Rockgrupp)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Kann ee mir erklären wisou d'Rubrik "Optrëtter" emmer gelëscht gëtt? Ass héi eng Anarchie um Site oder verstoussen ech géint iergend ee Gesetz wann ech déi Rubrik dobai setzen? Ech hätt gaeren ee valable Grond well daat do ass eng Frechheet!

Moien,
Dat ass well esou Optrëtter am Sënn vun der Wiki net relevant sinn.
Wa mer dat bei aneren Orchestergruppen, Harmonien a Fanfare géife maachen kéinte mer honnerte vu Säite fëllen. Nëmme fir ee Beispill ze nennen ons Militärmusek an déi hu vill méi Nolauschterer wéi d'Taxisgrupp.
Les Meloures 10:16, 17. Okt 2008 (UTC)


Et ass natierlech ëmmer schwéier, eng genee Trennlinn tëscht banaler Reklamm (déi op der Wiki verbueden ass) a relevanter Informatioun ze zéien. De Les Meloures huet Recht, wann en Optrëtter a Wiertschaften als net relevant ugesäit, aus den uewe genannte Grënn. Wann der Optrëtter bei Emergenza oder Rock um Séi hutt kënnt der déi an den Artikel setzen, déi kleng Optrëtter kann de Lieser jo gewuer ginn, wann en op är Websäit kucke geet. Op der däitscher Wikipedia géife se iwregends en Artikel iwwer eng Grupp déi nach kee grousse Concert hat am Ganzen als net relevant ugesinn an de ganzen Artikel läschen. Well Lëtzebuerg méi kleng ass, ass hei eng Grupp natierlech éischter relevant, dofir si mer op der lb-wiki an deem Sënn méi relevanz-tolerant wéi eis däitsch Noperen. --Otets 15:57, 17. Okt 2008 (UTC)

Moien,

merci fir déi Erklärung. Ech verstin elo wisou dir déi Rubrik gelëscht hutt an ech gin iech och dobai Recht. Awer ech fannen datt den Auteur genau déi Äntfert sollt direkt kréien a Platz Méint laang seng Arbecht ze lëschen ouni datt den Auteur wees wisou! Wier a mengen Aan méi respektvoll!

Op jiddefall merci fir är Äntfert.


Gudde Moien,

Well, mer esou prezis wéi wéiglech wëlle bleiwen, well ech emol hei den Historik kuerz oplëschten.

  • 05. Mee 2008: den Artikel gëtt vun der IP 194.154.212.4 ugeluecht.
  • Et schaffen nach weider drun d'IP 83.222.34.3 an d'IP 82.222.35.212
  • 20. Juni 2008: Den Admin. Pecalux hëllt d'Zäit vun den Optrëtter eraus mat der Erklärung net relevant
  • 22. Juni 2008 um 17h:08: D'IP 83.22.34.176 mécht dem Admin deng Aktioun réckgängech ouni Erklärung
  • 22. Juni 2008 um 18h:48: Dës Aktion gëtt vum Admin well keng Erklärung derbei stoung erëm annuléiert.
  • 22. August 2008 um 15h.31: Den Admin Les Meloures läscht d'Optrëtter a schreift am verstoppten Text ënner d'Iwwerschrëft Conncerten: Optrëtter a Wiertschafte gehéieren net an d'Rubrik Concerten.
  • 13. Oktober 2008: D'IP 83.222.33.87 setzt d'Optrëtter erëm dran an ännert d'Iwwerschrëft.
  • 14. Oktober 2008: Déi Aktioun gëtt vum Admin Pecalux erëm réckgängeg gemaach. D'Bemierkung datt Oprëtter a Wiertschaften net dohinner gehéieren ass bein Änneren erëm ze gesinn.
  • 17. Oktober 2008: D'IP 194.212.4 setzt erëm alles dran a setzt am verstoppten Text bäi hie géif d'Ännerungen vun den Adminnen als Anarchie an als Frechheet gesinn.
  • 17. Oktober 2008: Déi Aktioun gëtt vum Admin Les Meloures ërëm réckgängeg gemaach.

Zur Diskussioun:

  • 17. Oktober 2008 um 11h:27 gëtt dës Fro vun der IP 194.212.4 gestallt: Kann ee mir erklären wisou d'Rubrik "Optrëtter" emmer gelëscht gëtt? Ass héi eng Anarchie um Site oder verstoussen ech géint iergend ee Gesetz wann ech déi Rubrik dobai setzen? Ech hätt gaeren ee valable Grond well daat do ass eng Frechheet!
  • 17. Oktober 2008 um 12h:16 gëtt de Les Meloures eng Äntwert op d'Fro, an um 17h:57 gëtt den Admin Otets eng weider Erklärung of.
  • 17. Oktober 2008 um 23.34 schreift d'IP 83.222.33.87 dat heiten:
merci fir déi Erklärung. Ech verstin elo wisou dir déi Rubrik gelëscht hutt an ech gin iech och dobai Recht. Awer ech fannen datt den Auteur genau déi Äntfert sollt direkt kréien a Platz Méint laang seng Arbecht ze lëschen ouni datt den Auteur wees wisou! Wier a mengen Aan méi respektvoll!

Dozou ass elo ze soen:

  • Bei all Aktioun vun den Adminnen déi eppes ewechgeholl hunn, stoung eng Erklärung derbäi.
  • Bei kenger Aktioun vun de sëllechen IPen déi hei dru geschafft hunn stoung eng Erklärung.
  • De 17. Oktober um 11h:27 kréien d'Adminnen op der Dikussiounssäit Anarchie a Frechheet ëm d'Ouere gefacht.
  • De 17. Oktober um 12h:16 also mol keng Stonn duerno gëtt de Les Meloures eng Äntwert.
  • Duerno steet da vun der 83.222.33.87 dat hei ze liesen:
Awer ech fannen datt den Auteur genau déi Äntfert sollt direkt kréien a Platz Méint laang seng Arbecht ze lëschen ouni datt den Auteur wees wisou!
Op wat hätte mer dem Auteur sollen äntwerten, en huet ni eng Fro gestallt bis de 17. Oktober, an do krut en no 49 Minutten eng Äntwert. Ech fannen dat ass e raisonnablen Delai.
Wann Adminnen eppes mat Begrënnung änneren wier et do net vläicht um Auteur, wann en net versteet firwat, fir nozefroen, amplaz stur ëmmer erëm den Adminnen hir Ännerungen zréckzesetzen.
Les Meloures 08:34, 18. Okt 2008 (UTC)

Gudde Moien och,

ech wollt iech nach eng Kéier éierlech Merci soen fir är séier Äntwert. Dir hutt Recht wann dir sot datt déi Informatiounen net relevant sinn an dat respektéieren ech och. Well ech awer och wëll präzis sin well ech zu dem Ganze just nach e puer Saache soen:

  1. Ech ginn et zou datt ech, net wéi dir, net vill Erfahrung mat Wikipedia hunn. Wann ech op "Säit späicheren" klicken da gëtt déi Säit och nëmme gespäichert ouni mech nach nom Grond ze froen. Soss hätt ech gäre meng Grënn präziséiert. Ech wollt och ëmmer d'Adminnen kontaktéieren fir no hire Grënn ze froen, ech wosst just ni wéi. Wann ech op de Numm vum Admin geklickt hunn da sinn ech op deem seng Säit komm wou een da net méi wosst wou ee sollt klicken fir deen ze kontaktéieren. Am Diskussionsberäich kritt jidderee mat wat diskutéiert gëtt. Also wéi eng Méiglechkeet gëtt et dann do nach fir en Admin ze kontaktéieren?
  2. Mat de Concerte war et fir iech am Ufank kee Problem. D'Dierfer si vun iech just op Lëtzebuerg iwwersat ginn (z.B. Dudelange => Diddeleng). Duerno war d'Auerzäit net relevant, wat ech och verstanen hunn. Duerno war KEE Concert méi relevant aus deem Grond: "Optrëtter a Wiertschafte gehéieren net an d'Rubrik Concerten". Ech hunn dat esou verstan wéi wann dat da misst an d'Rubrik "Optrëtter" gehéieren, vue que datt net all Optrëtt fir iech e "richtege" Concert war. Bis dohin huet mir KEEN erkläert datt déi ganz Rubrik net relevant wier, soss hätt ech et direkt si gelooss! Wéi soll ech dat Ganzt da verstoen wann d'Gesetzer vu Kéier zu Kéier anescht sinn?
  3. Vun deenen Optrëtter si 4 dovunner an enger Wiertschaft. Dobäi muss präziséiert ginn datt 3 dovunner bekannt sin fir hier reegelméisseg Concerten. An dat sinn den D:qliq, de Maniac an den Duke's. Et bleift also schlussendlech 1 eenzeg reng Wiertschaft iwwereg an dat ass de Big Ben. (Message vun der IP 194.154.212.4)

Moien,

Fir kënnen engem eng E-mail iwwer Wikipedia ze schécken, muss ee selwer e Benotzernumm hunn, eng E-mailadress uginn hunn, an a senge Preferenzen déi néideg Astellunge gemaach hunn. Les Meloures 08:30, 21. Okt 2008 (UTC)

Merci!

"Loost och Dir ären Emotiounen fraie Laaf, an loosst ierch vun TAXI an hieren Bann zéien.": Ass dat net vläicht ganz e bëssen zevill Tammtamm? --Cornischong 09:32, 23. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien. Ech hun an deenen leschten Deeg un der Sait vun TAXI geschafft, an ech muss mech entschellegen, ech wosst net, dass "publicitéit" verbueden wer, woubai ech en Problem domat hun, ze wessen wou Publicitéit ufänkt, an wou se neess ophält. Mir verkaafen keng Crème'en, keng Fernseher an och soss verdéngen mir keen Geld mat eiser Wiki-Sait, also ass et keng Publicitéit. Anerer Sait vun beklannten letzebuergesch Gruppen sin och hei vertrueden, och mat dem But, duerch Wiki méi bekannt ze gin, waat jo och net schlemm ass. ALL Artikel op Wikipedia ass iergendwéi do, fir "eppes" un den Mann/Fra ze bréngen.

Mir sin lescht Joer op d'Sait "letzebuerger Rockgruppen" gestouss, wou mir eisen Numm an der Lëscht eremfont hun. Uewen an der Info war vum Auteur préziséiert, dass all Grupp soll eng Sait opmaachen, well soss hätt di Lëscht jo keen Sënn! Genee dëss Info seet mir kloer an daitlech, dass eng Sait vun enger Band wéi déi vun TAXI nët irrelevant ass! Schliesslech ass eis Sait "TAXI" jo nëmmen eng super Ergänzung zur Lëscht "lëtzebuerger Gruppen", well eng Lëscht ouni Verlinkungen, daat ass nët den Sënn an Zweck vun Wikipedia.

Dir sot jo selwer, dass dir esou Artikelen stoen loosst, net esou wéi är daitsch Kollegen, ... ech fannen daat och net méi wéi normal vun ierch, well wann Wikipedia soll Informativ sin, dann muss ALLES dran ze fannen sin. Nëmmen esou get Wikipedia informativ. Ech fannen et och liewenswichteg, dass Wiki op lëtzebuergesch existéiert, an do ass all Artikel, deen an eiser Sprooch geschriwwen get, extrem Relevant.

Ech probéieren vun elo un eis Sait méi deenen aneren Saiten unzepassen. Mat frëndlechen Gréiss

Dragesat vum Benotzer Gudze.

Moien,
Mol direkt dozou eng Fro:
Gouf déi Grupp tatsächlech de 25 Abrëll 2007, gegrënnt? Les Meloures 08:25, 26. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]


Moien,

kann ee mir elo erkläre wisou d'Linken op Facebook a MySpace ob emol fort sinn? Déi hunn iech méintelaang net gestéiert an elo ob emol mengt dir dir misst se fort machen. Wësst dir iwwerhaapt wat MySpace ass? Wann dir mengt dass dat eng Talksäit ass da froen ech mech wat dir nach an dëser Enzyklopädie ze sichen hutt!

Moien,

Ech liesen op MySpace:

  • TAXI : Commentaires de ses amis
  • Soe Merci an dir wëst jo, am MANIAC sid dir zu all Zäit wëllkomm.
  • Salut Taxi. Merci fir den Add.
  • Thanx for the add!!! :)
  • Hello les amis, nous approchons de la date du 08 novembre 2008 est le jour de mon concert "VOYAGE DANS L'UNIVERS DE CLAUDE FRANCOIS" cela sera une superbe soirée à laquelle j'ai invité sur scène un de mes amis chanteur et collaborateur FREDERIC LAMORY qui chante des chansons de sa composition sur des rythmes sud américain et brésilien, puis il y aura mon ami JEAN MICHEL LELEU parolier et ventriloque, bref une superbe soirée.

A bientôt....et tous en taxi pour venir à mon concert

  • Hi, merci fir de request c u Mil
  • Hey taxi, Tucson is poppin!
  • TAXI is pure ROCK!!! LOVE YA!
  • Keep up the good work, you'll get the gigs!

Wann dat kee Getalks ass, da froen ech mech wat mat Talken nach ka gemengt sinn. Les Meloures 19:45, 14. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien och,

MySpace ass dofir do fir das Musiksgruppen sech virstelle kënnen an hir Lidder presentéiere kennen. Dat ass d'haapt Idee vu MySpace. Är Excuse mat deem getalks ass pure Quatsch! Eng besser Ausried ass iech net agefall! Wisou huet iech dat dann net éischter gestéiert?

A wisou stéieren dech déi aner Linken op MySpace net? Deng "Enzyklopädie" ass voll dovunner. Ech ginn dir 24 Stonne fir di aner och ze lëschen oder ech mache meng nees dobäi!

Gudde Moien, Anonymus.
Eent emol viropp: Op Drohunge fale mer net erann a Säbelgerassels bréngt hei guer näischt.
Wanns du mengs dass et nach aner Linken op MySpace ginn, da nenn eis se. Mir kucken dat no, a wann der musse geläscht ginn, da gi se geläscht.
--Pecalux 07:30, 15. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

Ech hun elo grad hei di Discussioun geliess, an ech fannet daat traureg! Si maachen keng kommerziell Werbung, si veröffentlechen keng Gewalt oder Pornografie, mee wisou sollten si net dierfen hir Grupp hei präsentéieren? Wann myspace eng talksait ass, dann ass daat heiten awer och eng, well daat waat op dëser Sait ofgeet, daat ass "getalks". Traureg dass op medizineschen Saiten Nimm vun Medikamenter opgelëscht gin, awer en letzebuergeschen Kontroller vun Wiki "Les Meloures" net méi versteess-de-mech huet an en Problem mat engem Link huet. Et soll een den Gruppen net méi Steng an Féiss léeen, wéi se schon hun. Ech hun elo 2 Minutten hei gekuckt, an schon 2 myspace-links font: http://lb.wikipedia.org/wiki/MadCroW http://lb.wikipedia.org/wiki/Stories_to_Tell Wisou sin deenen hir net gelöscht? Zensur ass eppes ganz schlechtes, zumols op enger Platform wéi dëser, wou déi Leit, déi eppes sichen, och sollen eppes fannen.


Huel emol déi aller éischt Versioun vum 5. Mee 2008, do sinn déi Linken schonn dran. Dat ass elo bal 1 Joer hier!!! An der Zweschenzäit hu mir vill Ännerunge gemaach an et huet nach ni en Hunn dono gekréint! An ob emol fänks du un eis Mippercher ze maachen. Wann dat net pur Expressegkeet ass dann erklär mir dat w.e.g. Et ass net fir d'Éischt wou mir Problemer mat dir kréien. A soulues hunn ech es genuch! Giff ech hei iergend ee Schäiss schreiwen da giff ech deng Reaktioun verstoen. Awer deng Reaktioun ass "à la tête du client" an d'Resultat vu purer Langweil. Du hues mir nach ëmmer net op meng Fro geäntwert: Wisou huet iech dat dann net éischter gestéiert? Wisou musst dir ëmmer méintelaang dono eppes lësche wat iech virdru komescherweis ni gestéiert huet? Kommen iech déi Gesetzer spontan duerch de Kapp oder wéi leeft dat? Wat mech rose mécht ass datt et keng Gesetzer gin wou mir wëssen datt wa mir eis drun halen dann ass alles OK. Mee déi Gesetzer kommen einfach esou wéis du grad Loscht hues.

Moien, fir emol bei der sou dacks reklaméierter Frëndlechkeet ze bleiwen.

  • Zu dëser Talksäit
    • Du hues natierlech Recht wanns de sees datt dat hei eng Talksäit ass, wa mer deelweis wëllen den engleschen Ausdrock gebrauchen. D'lb:Wikipedia huet dat iwwersat mat Diskussioun an dat steet hei uewendriwwer. Dës Säit ass och speziell dofir geduecht.
  • zu: An der Zweschenzäit hu mir vill Ännerunge gemaach
    • Dat ka jo vläicht stëmmen, mee dobäi ass d'Säit nach ëmmer an engem schlechten Zoustand an et stinn nach ëmmer e grousse Koup Feeler dran. Wéi wier wann der dat mol géift an d'Rei brëngen, an och vläicht eng Foto mat enger valabler Lizenz derbäi setzen. Zu der Grupp feelen nach ëmmer Prezisiounen. Mer wëssen nach ëmmer net wéini se genee gegrënnt gouf, d'Fro gouf schonns eng Kéier hei uewendriwwer gestallt. Wéini goufen hir Statute publizéiert.
  • Zu de Linken
    • D'Wikipedia ass keng Plattform fir Facebooken an aner änlech Säiten ze publizéieren. Hei soll just d'Websäit als zousätzlech Information opgefouert ginn. Vun där Säit aus soll een op déi aner Säite kommen déi mat der Grupp ze dinn hunn, wat sou wäit wéi ech gesinn de Fall ass, an net vu Wikipedia aus. Dofir ginn déi aner Linken och nach eraus geholl, an d'Säit muss iwwerschafft ginn, (wa méiglech vun deem deen hei an d'Plomme klappt) soss kann se esou net stoe bleiwen. D'lb:Wiki ass wat lëtzebuergesch Gruppen ugeet relativ tolerant, soss wier déi ganz Säit schonns laang geläscht.
Les Meloures 08:51, 15. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

An du hues nach ëmmer net op d'Fro geäntwert. Wisou ginn d'Linken eréischt elo gelëscht? Ech ginn dir nach 21,5 Stonnen. Wann dann nach bei aner Banden esou Linken ze gesi sinn da kommen se och bei eis dobäi! D'Gesetzer gëllen entweder fir jiddereen oder fir keen! P.S.: hunn elo d'Säit iwwerschafft an e puer Feeler verbessert. Wanns du mengs et wieren nach Feeler dran da so mir wou se sinn! Ech verbesseren se och gären, wann dat däin eenzege Problem ass!

wann dat däin eenzege Problem ass
Léiwe Frënd, elo gëtt et esou lues Zäit datt s de vun der Leeder erofklëmmst. Du hues hei keng Ultimatummen ze stellen, soss stellt d'Wikipedia der mol e puer. Du bass hei net bei där doheem. Wann där bei iech doheem oder an der Grupp esou en Ëmgankstoun hutt, dann ass dat är Saach. Hei zitt dat net.
Et ass net mäi Problem. Et ass de Problem wéi en Artikel op der Wikipedia soll ausgesinn.
Les Meloures 09:39, 15. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

Mäi léiwe Frënd, esoulues ginn ech rosen! Du mengs vläicht du kéins hei de léiwe Gott spillen a mat aneren ëmgoe wéis du wëlls, nëmme wells du op der anerer Säit vun der Leitung setz. Wann de Problem deen ass wéi en Artikel op der Wikipedia soll ausgesinn da kuck datt se och iwwerall esou ausgesinn!

Rodrigo maach dech net lächerlech. D'Wikipedia ass e Gemeinschaftsprojet, do geet et drëms och emol mat Kompromësser ze liewen. --88.207.226.71 12:31, 15. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

Jo et ass effektiv, dass een an der Gemeinschaft muss Kompromësser agoen, awer dann fir jiddereen, an net emmer fir déi selwecht. Ech wënschen nach en schéinen Nomëtteg. Gudze 12:54, 15. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]


Kompromësser agoen ass jo kee Problem, esoulaang déi Kompromesser fir jidderee gellen an net "à la tête du client"!