Op den Inhalt sprangen

Diskussioun:The Rusty Chair

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Sujet derbäisetzen
Vu Wikipedia
Leschte Kommentar: viru(n) 6 Joer vum Christian Ries am Sujet Untitled

Untitled

[Quelltext änneren]

Eng IP-Nummer an Les Meloures sinn der Meenung, datt dësen Artikel net relevant ass.

Majo da si warscheinlech all d'Artikelen an der Kategorie https://lb.wikipedia.org/wiki/Kategorie:L%C3%ABtzebuergesch_Bluesmuseksgruppen net relevant genuch a missten deemno och geläscht ginn.

Sidd iech konsequent.

An da wiere mer op den Trump-Niveau ukomm a mat dem haitegen Zäitgeescht en phase,

Christian Ries (Diskussioun) 16:06, 29. Jul. 2019 (UTC)Äntweren


Kuck vläicht einfach an d'Relevanzcritèren no deene sech soll orientéiert ginn. Wann der dann dorun eppes net gefällt, wier et vläicht besser du géifs deng Bemierkungen do maachen. Nëmmen do kann eppes dru geännert ginn. Hei déngt all Gespréich näischt, ob mat Trump oder ouni Tromp. --Les Meloures (Diskussioun) 12:24, 31. Jul. 2019 (UTC)Äntweren
Sidd iech konsequent.
Wann een dat hei schreift da kënnt dat mir vir wéi wann ech oder aner Leit dru Schold wieren, wann e Benotzer Artikelen uleet déi keng Relevanz hunn. Ass et net awer vläicht un all Benotzer fir sech z'iwwerleeën: Huet dat wat ech schreiwen eng enzyklopedesch Relevanz oder net, ier en ufänkt en Artikel unzeleeën? --Les Meloures (Diskussioun) 14:27, 31. Jul. 2019 (UTC)Äntweren

Erstaunlech, datt en IP-User réischt beim 27. Artikel aus där Kategorie d'Relevanz a Fro stellt. Ech bieden déi, déi déi Relevanzkritären agefouert hunn, se an deem Punkt Musek esou ze adaptéieren, datt déi 27 Artikelen iwwer lëtzebuergesch Bluesmuseksgruppen relevant ginn. Wann dat net méiglech ass, da läscht déi 27 Artikelen wéinst Irrelevanz. Ech verleeën déi 27 Beschreiwwungen op en aneren Internetsite a setzen hei näischt méi à jour. Christian Ries (Diskussioun) 07:31, 1. Aug. 2019 (UTC)Äntweren