Diskussioun:Thiamin

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Briséis M (tabell alt nees ugepasst...ech hoffen awer eis chemiker sinn sech elo eenz)


Naja, ech war mir jo eenz, et schéngen just aner Léit net zefridden domat ze sinn --Alexandra 13:54, 18 Mee 2005 (UTC)

Däerf ech froen, ëm wat et hei geet (oder gaangen ass)? DAt liest sech e bësse sybillinesch:-) --Cornischong 22:22, 18 Mee 2005 (UTC)

Ma et geet drëms datt ech en halwe Mëtte verbruecht hunn, aus dem Template-Kuddelmuddel eng eenheetlech Tabell fir ALL Vitaminnen ze maachen, waat dem Sënn vun enger dynamescher Template entsprécht (d.h. datt se villsäiteg asetzbar ass, an net op ee Vitamin beschränkt ass). Nodeems ech daat alles gemaach hat, koums du, Cornischong, an hues gefrot fir d'Mangelerscheinungen aus der Tabell erauszehuelen well si, wéi ech och fonnt hunn, dat Ganzt zevill auserneendrécken, waat optesch net gudd ausgesäit. Allerdéngs hat ech se dragelooss, ganz am Sënn vun der éischter Template déi et gouf, well ech mech wann et em Chimie geet ongär an de Contenu améschen. Dorops hinn hunn ech dann nacheemol all eenzel Vitaminsäit gekuckt, fir alles nacheemol ze änneren, waat erëm Zäit kascht huet. Mäi Kommentar (tabell alt nees ugepasst...ech hoffen awer eis chemiker sinn sech elo eenz) koum dann dohir datt ech e bësse genervt war vum Torschong, well ech eigentlech eppes ganz anescht schreiwe wollt (de Consulat ass nach ëmmer e Schantgen...) an dono awer keng Loscht méi hat no der ganzer Template-Tabelle-Vitamin-Geschicht :-) --Briséisβρισεισ 00:03, 19 Mee 2005 (UTC)

Wéi keen Numm genannt gouf, hat ech schonns en Ufanksverdacht:-)) Wa vu "Chimiker" rieds geet, huelen ech et ëmmer fir mech. Wéi kann ech dat erëm guttmaachen?? Ech kéint zum Beispill deng Roum-Fotoe vun denger User-Säit e bësse luewen. Oder e bësse méi? --Cornischong 00:22, 19 Mee 2005 (UTC)

Jo, e bësse méi w.e.g.: 16. :) --Otets 00:30, 19 Mee 2005 (UTC)


Dozou wëll ech mech awer och nach eng Kéier mellen. Ech hunn mir och vill Aarbecht gemacht fir eng Tabell ze machen. An et wier méi einfach gewiescht mir vlaicht ze soen wat net gudd ewei einfach just alles ze änneren an e Kommentär dobäi ze schreiwen. Dass Mangel mat iwwerholl ginn ass ass richteg. Mä dat wat dra stung ass erem iwwerschriwwen gin vun enger Iwwersetzung déi aus eng aner Wiki gekneipt gouf. Ech wëll domat just soen, dass ech mir och Méi ginn hun an esouguer Texter vu mir schreiwen an net einfach iwwerhuelen an dass ech dofir e bessen entäuscht sinn dass einfach alles geläscht oder iwwerschriwwen gëtt. --Alexandra 11:26, 19 Mee 2005 (UTC)

= Gutt mengen a gutt maachen[Quelltext änneren]

Datt mär äerdeg Leit hei wudderen hunn ass eng gutt Saach. Mee ech verstinn d'Alexandra ganz gutt, wann dat sech "iwwerschriwwe" fillt. Ech krut och viru Kuerzem eppes "iwwerschriwwen" , dat bis haut nach net zréckgeholl ass (!!!), a war ganz a guer net begeeschtert. Déi Fait accompli-Manéier huet schonns genuch Friichte gedroen. --Cornischong 12:07, 19 Mee 2005 (UTC)