Diskussioun:Tour de France 2007

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gudde Moien

Wikilinken, blo, rout, oder schwaarz net verlinkt.

Wou ass de Sënn fir déi Blo déi duebel sinn systematesch ze schwärzen. Ass dat fir datt de Lieser vum Artikel, wann et em an d'Kopp kënnt fir eppes iwwer dee Lemma gewuer ze ginn, sech erëm muss erënneren wou en dat am Artikel gesinn hat, a sech da muss duerch de ganzen Artikel scrollen fir e bloen erëmzefannen. A wéi ass et mat de Lännertemplaten ? Solle mer do dann net och déi duebel ewech lossen, oder solle mer vläicht nach een neien Template maachen deen eng schwaarz Schrëft am Fall wou mer schonns e Bloen am Artikel stoen hunn. Da wier jo nëmme konsequent zu den aneren Aktiounen. Oder awer vläicht net ??? freet sech de Les Meloures 09:12, 22 Juli 2007 (UTC)

Wann ech dat richteg verstan hunn, da verlinke mir an all Artikel all Sujet nëmmen emol ... oder geet et drëm no Méiglechkeet all Wuert an all Artikel blo ze hunn freet sech de --Robby 09:17, 22 Juli 2007 (UTC)

Disqualifikatioun[Quelltext änneren]

92,5 huet grad gemellt, den Alexander Winokurow wier op der 15. Etapp disqulaifiéiert ginn an de Kim Kirchen wier domat éischten. Ech fanne just keng Bestätegung dovunner um Spaweck. Weess een op dat elo sécher ass? --Otets 08:44, 29. Abr 2008 (UTC)

Dat selwecht steet och haut am "Wort" --Pecalux 08:58, 29. Abr 2008 (UTC)
{ http://news.rtl.lu/sport/headlines/sport/20832.html } --Cornischong 09:00, 29. Abr 2008 (UTC)
"Gedopter Winokurow aus Siegerliste gestrichen - UCI erklärt Kirchen zum Sieger der 15. Tour-Etappe 2007" ass bei radsport-news.com ze liesen. Um Site vun der UCI hunn ech näischt font.--Fliedermaus 09:13, 29. Abr 2008 (UTC)

Jo, ännert dann elo een dat, oder versammele sech d'Talker just op dësem Podium? --Cornischong 09:17, 29. Abr 2008 (UTC)

Kim Kirchen and Cadel Evans have been informed by UCI, with two letters on April 8 and 9, that following the disqualification of Alexander Vinokourov they have been declared as winners of the 15th and the 13th stages of the 2007 Tour de France," UCI spokesman Enrico Carpani told Cyclingnews Tuesday. [Quell: Cyclingnews.com]. D'Gewënner vun den Etappen 13 a 15 sinn am Artikel an deem Sënn geännert ginn. --Fliedermaus 10:18, 30. Abr 2008 (UTC)