Diskussioun:Trach

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

ech hu "Krëpp", dat bis ewell en eegen Lemma war, heihigeleet, well déi zwéin dach deelweis deckungsgläich sinn. Wann net, misst dat am Artikel méi genee explizéiert ginn. --Zinneke (Diskussioun) 09:12, 1. Mäe. 2017 (UTC)[äntweren]

Eng Krëpp ass keen Trach. En Trach hält flësseg Wueren eng Krëpp ass net onbedéngt dicht an ass och meeschten nëmmen an de Ställ an op Kapphéicht vun de Béischten déi do gehale ginn an ass fir dréche Fudder geduecht. Bei de Schwäin ass et ëmmer en Trach well do ech Flësseges gefiddert gëtt. Hei niewendrunn eng Krëpp a Form vun engem Raf fir Wëld ze fidderen. --Les Meloures (Diskussioun) 09:25, 1. Mäe. 2017 (UTC)[äntweren]
Ménger Meenung no war dat Geréckels net déi bescht Iddi. Et wier vläicht besser gewiescht den Artikel Krëpp e bësselchen auszebauen eventuell als Homonymie fir all d'Bedeitunge vu Krëpp anzebauen --Les Meloures (Diskussioun) 10:39, 1. Mäe. 2017 (UTC)[äntweren]
Deemno: Trach fir flëssegt Gefréiss oder Gedrénks, Krepp fir Festes (Stréi, Hee) an de Raf wier eng Krëpp mat engem Gitter ronderëm? Z
De Raf ass u sech eng Zort Krëpp, woubäi eng Krëpp ëmmer en Iwwerdaach hat oder huet. Dacks ware Krëppen och geflecht, anscheinend kënnt den Numm och dohier. --Les Meloures (Diskussioun) 15:24, 1. Mäe. 2017 (UTC)[äntweren]
D'Krëpp gëtt och nëmme fir Fudder gebraucht wougéint en Trach fir all Méigleches ka gebraucht ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 15:27, 1. Mäe. 2017 (UTC)[äntweren]