Diskussioun:Ueschdref

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Soll et net "Ueschdref" sinn ?

--Fliedermaus 14:16, 12 Abrëll 2007 (UTC)

Et gesäit net esou aus: de verwëschtenen <r> Et sief drun erënnert, datt mir dat däitscht Schrëftbild och bei Wierder respektéieren, wou den [r] nom Rëtschvokal verwëscht ass; den [r] gëtt also net nëmmen a Wierder geschriwwen wéi: Wierder, Uerder, äerdeg ... mä och wann den [r] virun engem <sch> steet: Beispiller Fierschter, Hierscht, Uerschdref

--Fliedermaus 14:29, 12 Abrëll 2007 (UTC)

Salut. Déi Uertschaftsnimm ass eppes wéi en oppent Been. Mer halen eis "prinzipiell" un dem Josy Braun seng Fassong, fir eng Upak ze hunn. Dee schreift Uerschdref. Ee Wuert nach zu "Rombach": Ech hat viru kuerzem mat e puer Leit "vun do" (déi wierklech vun do sinn) Rieds. Alleguer waren entsat iwwer de Rombech (Josy Braun) an alleguer hu se mer gesot, datt "jidderee" "Roumicht" seet a schreift. Dat selwecht mat "Maartel" an "Uewermaartel". Well ech do wäitleefeg Famill hunn, weess ech, datt dat zënter "ëmmer" sou ass. 't ass net einfach, wéi gesot. --Cornischong 14:33, 12 Abrëll 2007 (UTC)

Salut,

Fir datt déi Leit vun do net zevill entsat sinn wann se an d'lb-Wiki kucken, hunn ech "Roumicht" an "Uewermaartel" bei déi respektiv Artikelen dobäigesat.--Fliedermaus 15:16, 12 Abrëll 2007 (UTC)

Offiziellen Numm[Quelltext änneren]

An der Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg vum CPLL grad wéi am LOD ass déi offiziell Schreifweis elo als Ueschdref (an Ueschdrëffer Millen) festgeluecht. GilPe (Diskussioun) 10:44, 1. Jun. 2020 (UTC)[äntweren]