Diskussioun:Uewerkäerjeng

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Kuckeswäertes, wierklech??[Quelltext änneren]

"Terrain vun der Equipe U.N. Käerjeng". Mer wäerten dach elo net bei all Uertschaft de Foussballsterrain ënner "Kuckeswäertes" setzen. --Cornischong 11:42, 18 Juli 2007 (UTC)


A firwat da net? Awer nëmmen ënnert der Viraussetzung, dass de Foussballsterrain tatsächlech kuckeswäert ass. Dee vun Uewerkäerjeng ass esou kuckeswäert dass souguer de Club nach léiwer haut ewéi mar op engem aneren, neien Terrain géng spillen, dee scho vun de Gemengepappen längst geplangt an a noer Zukunft zu Nidderkäerjeng hannert der Sportshal gebaut soll ginn. --Pecalux 12:52, 18 Juli 2007 (UTC)

de kompletten Text vum Cornischong, vun deem den 217.31.65.40 en Deel geläscht hat![Quelltext änneren]

""D'Gebuertshaus vum Michel Gloesener an den Terrain vun der Equipe U.N. Käerjeng". Mer wäerten dach elo net bei all Uertschaft de Foussballsterrain an d'Paschtoueschhaus ënner "Kuckeswäertes" setzen."
An doropshin e Kommentar un den 217.31.65.40: "Bleif mat de Féngercher vun anere Leit hirem Text op den Diskussiounssäiten ewech!" Déi Tricke sinn hei net gär gesinn! --Cornischong 13:04, 18 Juli 2007 (UTC)