Diskussioun:Uewerkuer

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
  • D'Foto vun Uewerkuer:

Et ass schons e schéint Bild, wäit méi schéin ewéi et an de 50er - Joere gerode wier. Ma et ass allerhand drop ze gesinn, just net dat wat drënner steet. Lénks nieft dem Bild misst ee sech elo de ''Rattem'' virstellen. An hannert dem Rattem verstoppt, läit dann Uewerkuer. Wat ze gesinn ass dat ass de Kierfecht vun Uewerkuer, de Fousbann, Déifferdeng, Nidderkuer a wann ee Chance mam Wierder huet, d'Arelerknippchen... Conclusioun: D'Foto muss ersat ginn duerch eng Foto vun Uewerkuer. An déi muss vum Rattem aus gemaach ginn... net vum Kinneksbierg. Ech si mer net ganz secher, op de Punkt wou de Fotograf stung nach als Bielesser Gaalgebierg gëllen däerf. Mer stin hei hoart op der Grenz tëscht Uewerkuer a Bieles.