Diskussioun:Uewerwampech

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Ech liesen am Commentaire vun der leschter Vebesserung:

(17 Editen, ee Saz, Awunnerzuel onkloer, kee Fotoalbum, an datt et "am Norde" vun engem Land läit hu mer eis och scho geduecht .....)


Ka vläicht ee vun de Benotzer déi schonns méi laang wéi ech op der Wikipedia a Lëtzebuerger Sprooch matschaffen, mer erklären wat mat esou Bemierkunge gemengt ass.

Sollen do all déi, déi, déi bis elo eppes un deem Artikel gekniwwelt hunn, terribel vill falsch gemaach hunn, an ass deen, deen de Commentaire schreift eleng richteg.? Geet et hei drëm fir Datzen auszedeelen?

Wann ech dervunner ausginn, datt wann ee sech als Benotzer op der Wikipedia andréit, ee wëllt zur der Wikikommunautéit gehéieren a matschaffen, da muss deen, deen esou Commentaire mécht a selwer vun Ufank un derbäi ass, sech vläicht emol selwer mat der Nues huelen.

Pierrenilles 08:42, 18. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Moien. Einfach mol eng Iddi: Déi zéng Minutten, déi de Benotzer Pierre Nilles fir Kommentaren iwwer Kommentare verbëtzt huet, hätt e vläicht d'Awunnerzuel vun Uewerwampech op der Gemeng kënne nofroen an drasetzen. Mee, dat huet lo grad ee gemaach. --Cornischong 09:40, 18. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]


ReMoien,
Wann et Iech vläicht sollt sollt opgefall sinn huet de Benotzer Pierrenilles och alt en Artikelchen haut gemaach, an en huet scho vun un datt en op der Wikipedia matschafft en etlech Verbesserungen an Artikele gemaach ouni groussen Zauber mat Commentairen opzeféieren. Dann nach just eppes Monsieur oder Madame Cornischong: wann Dir mengt ech géif meng Zäit op der Wikipedia verbëtzen, da kann ech Iech just soen datt dat net déi bescht Approche ass fir Mataarbechter ze motivéieren. Dovunner ogesinn ass dat just mäi Problem wéivill Zäit ech hei verbëtzen. Pierrenilles 10:02, 18. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]