Diskussioun:Verluerekascht Fiels

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Leeen hei nees gäeren eng kéier mäin Päfferkäer hei bäi: Wéi ech eng kéier an der jugendherberg an der fiels an der vakanz war, do hat ech am prospekte-stänner vun hierer Rezeptioun e puer Broschüren (dat woren am fong kopéiert a gefaalten din A4 blieder) iwwert d'Buerg fonnd. An enger stoung, datt iergendwann am Mettelalter eng Fra hierem Mann d'Iessen an engem Deppen op den Waachtuerm bruecht huet... iergendwéi ass der gudder Fra d'Deppen aus der Hand an erof an d'Duerf gefall (duerch en Ugreff, iwwert eng Banannenschuel gefall, LOL... keng Ahnung). D'Broschür fannen ech zwoar net méi rem (wann ech se iwwerhapt mat heem bruecht hunn) an op déi kleng Seechelchen op enger Wouerecht berouht, kann ech elo net enner Eid beschwieren! --JimHawk 10:51, 13 Januar 2006 (UTC)


De Wuertdeel -kascht huet deemno näischt mat Iessen ze dinn, ma ass ofzeleede vum däitsche Kastell (lat. castellum).
Dat schéngt nëmmen eng Interpretatioun ze sinn. A Flandern an an Holland gëtt et en etlech Verloren Kost. Do war mol wéinstens de Verloren Kost zu Lier eng Véidränk beim Schluechthaus, déi elo ënner dem Groote Markt verstoppt ass an erëm soll ausgegruewe ginn.
Vu datt och mol d'Hollänner bei ons gewurschtelt hunn kéint et jo dann och aus deenen hirem Sproochgebrauch kommen.
Les Meloures 20:42, 29. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]
Hei och nach eng Erklärung déi op engem PDF vum Heemkundige Ring de Brakken steet:
Specialisten in de toponymie of plaatsnaamkunde geven een dubbele verklaring voor “De Verloren Kost”. Altijd mogen we het beschouwen als een spotnaam. Ofwel wijst het naar de slechte toestand van de grond. Boeren die dat land bewerkten, staken daar veel tijd, energie en meststoffen in, terwijl het toch weinig of niets opbracht. Ofwel wijst de naam naar een nutteloos verdedigingswerk. Zeker vanaf de 16de eeuw waren legers en legerbendes al zo goed bewapend, dat het graven van grachten en opwerpen van aarden wallen weinig of niets meer hielp tegen aanvallers of belegeraars. Daarom noemden onze mensen dit soort verouderd verdedigingswerk ook regelmatig “een verloren kost”.
Les Meloures 20:54, 29. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]
Intressant Aproche! Schued dass ech keen nidderländesch verstinn. --Pecalux 06:04, 30. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]


Ech probéieren emol fir dat Denge mat mengem klenge Wëssen sou gutt wéi méiglech z'iwwersetzen.

  • Spezialisten an der Toponymie oder vu Lieu-diten ginn eng duebel Erklärung fir De Verloren Kost.
  • Vu fréier hier kann et als e Spëtznumm ugesin ginn. Grad sou gutt weist et op de schlechten Zoustand vum Buedem.
  • Baueren déi op esou Land geschafft hunn, hunn do vill Zäit, Energie a Mëscht dragestach, obschonn et wéineg oder näischt abruecht huet.
  • Grad esou weist den Numm op en onnëtzt Verdeedegungswierk.
  • Zënter dem 16. Joerhonnert waren d'Arméien a bewaffnet Banden sou gutt mat Waffen equipéiert, datt d'Ausgruewe vu Grief, an Opwerfe vun Äerdwäll, wéineg oder näischt méi géint Ugräifer oder Belagerer genotzt hunn. Dofir goufen esou vereelst Verdeedegungswierker reegelméisseg een verloren kost genannt.
Fir méch geet dorausser ervir datt am Contraire zu der Behaaptung et hätt näischt mat Kascht ze dinn, et just dorops uspillt, sou wéi am Lëtzebuerger Ausdrock, mat esou eppes kanns de Kascht net verdéngen, d.h. Aarbecht maachen déi net vill abréngt. Den nidderlänneschen Ausdrock Kost weist och just op Kascht a Käschten hin.

De Claude Wolwert deen 2004 Erklärungen op Webplazza iwwer de Verluerekascht gëtt hat warscheinlech d'Wëssenschaftler net all kannt, an hat och warscheinlech net matkritt datt et dat Wuert nach en etlech mol am Flämeschen an am Hollännesche gëtt, wou et och esou Plazen a Stroosse gëtt.

Ausser Lier, kann een do z.B. Gouda, a Maastricht nennen. Et gëtt der als Verlorenkost, Verlorenkoststraat a Verlorenkostweg 15, an als Verloren Kost mat Varianten -straat a -weg nach 6.

Ech hunn den Ausdrock bis elo a kengem anere Sproochraum fonnt, a ginn deemno dervun aus datt mer den Ausdrock aus der hollännescher Zäit hunn.

Les Meloures 08:28, 30. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]