Diskussioun:Victor de Roebe

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

De Mann leeft ënner Roebe an d'Schlass ënner Roebé. Wéi kënnt et , datt een den Numm op zwou Manéiere schreiwe kann? --Cornischong 08:43, 23. Jun. 2009 (UTC)--Cornischong 08:43, 23. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]

Déi Fro ass natierlech berechtegt. Am Ufank war et de Roebe; hie war jo zu Saarbrécken (deemools Preisen) gebuer a gouf 1844 naturaliséiert (Memorial 1844, S. 347: Herr Hubert Victor von Roebe resp. sieur Hubert-Victor de Roebe). Wéi hien 1852 Notaire an der Fiels gouf, ass säin Numm am Memorial mat Accent aigu geschriwwe ginn an de von war och am Däitschen duerch de franséischen de ersat: Hr. Hubert Victor de Roebé resp. le sieur Hubert-Victor de Roebé (Memorial 1852, S. 515). Am Memorial 1850, S. 943, gëtt et nach eng aner Variant: am däitschen Text: de Röbe, am franz. Text: de Roebe. Dem Zoufall no an engem spéidere Memorial gekuckt: Memorial 1877, S. 362: am däitschen Text: der General-Director der Finanzen, V. v. Roebe bzw. am franz. Text: le Directeur général des Finances, V. de Roebé. Ech perséinlech si fir de Roebé.--Jamcelsus 15:50, 23. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]

Ma da si mer eis eens. Et ass mer jo nëmmen drëm gaangen, datt de Mann net ënner zwéin oder méi Nimm hei erëmspréngt. Souguer op Latäin krut de Mann en Accent spendéiert ---> Kierch Fiels Foto. --Cornischong 17:05, 23. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]

Seng Duechter?[Quelltext änneren]

Moien,

Kinnt dëst d'Duechter sinn? --Jwh (Diskussioun) 14:00, 4. Jul. 2016 (UTC)[äntweren]

Moien och,
Jo, et ass seng Duechter, gebuer den 2. Januar 1851 zu Gréiwemaacher, gestuerwen den 2 Mäerz 1913 an der Fiels. D'Mamm war d'Marie Eugénie de Nonancourt .--MMFE (Diskussioun) 20:30, 4. Jul. 2016 (UTC)[äntweren]