Diskussioun:Viktor Havlicek
Untitled
[Quelltext änneren]Salut. Hei huet een eppes duerchernee bruecht. Den Edouard "Edy" Havlicek ass dem Viktor säi Brudder. De Viktor war net Trainer vu Lëtzebuerg, mee vun der Belsch. Den Edy war Trainer vu Lëtzebuerg. Daat heite Lemma muss deemno op Edouard Havlicek geréckelt ginn. D'Interwikilinks muss een deemno och korrigéieren. --213.194.42.100 14:22, 20. Aug. 2013 (UTC)
- Moien,
- Firwat huet dann déi selwecht IP déi hei déi Bemierkung schreift e Redirect vum Edouard op de Viktor ugeluecht. --Les Meloures (Diskussioun) 14:27, 20. Aug. 2013 (UTC)
Well deen heiten Artikel vu Viktor op Edouard geréckelt soll ginn. ;-)
Déi englesch Wikipedia huet genee Daten zu den zwee Bridder. Ech hunn als anonyme Benotzer leider net genuch Rechter fir dëse Problem ze léisen. Warscheinlech hunn ech mat all den Redirecten e bessche Chaos gemaach.
Ech wär frou, wann s Du dat maache kéinns, w.e.g.
Duerno kann ech och dem Viktor Havlicek seng Biografie schreiwen. --213.194.42.100 14:33, 20. Aug. 2013 (UTC)
- Remoien,
- Nach just eng Fro: Ass dat wat op dëser Säit steet falsch?? http://eu-football.info/_manager.php?id=1092
- Wann dat bis gekläert ass fuere mer weider mam Geréckels.
- --Les Meloures (Diskussioun) 14:41, 20. Aug. 2013 (UTC)
Jo, schéngt falsch ze sinn. Hei ass eng relativ gudd Erklärung zu de véier Havlicek Bridder. -- 213.194.42.100 14:55, 20. Aug. 2013 (UTC) http://de.wikipedia.org/wiki/Benutzer_Diskussion:Karloff_lugosi#Victor_Havlicek
- Do steet jo nawell vill. Dat dommt ass d'Wikipedia ka sech net als Quell uginn, a soss sinn d'Quelle ganz rar. Et misst een wann een Ännerunge mécht a Referenzen eraushëlt dat sou gutt wéi méiglech dokumentéieren. Et geet schonn un dermat datt de Viktor och soll nach Edy geheescht hunn (komesch oder net). --Les Meloures (Diskussioun) 15:13, 20. Aug. 2013 (UTC)
- D'Geréckels gouf verbessert an en Ufank fir den Artikel Edouard Havlicek gemaach. --Les Meloures (Diskussioun) 19:29, 20. Aug. 2013 (UTC)