Op den Inhalt sprangen

Diskussioun:Lëscht vun de lëtzebuergesche Vullennimm

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Sujet derbäisetzen
Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Diskussioun:Vullennimm)
Leschte Kommentar: viru(n) 14 Joer vum Cayambe am Sujet Verschiddenes

Mojen, leider sinn hei all d'latengesch Nimm flasch geschriwwen. De Gattungsnumm fänkt ëmmer mat enger Majuscule un, den Artnumm gëtt kleng geschriwwen. Z.B.

  • Baartmees (fr.:mésange à moustaches, d.: Bartmeise; panurus biarmicus)

--> Panurus biarmicus --> besser nach mat dem Auteursnumm (de Numm vum (oder vun de) Wëssenschaftler, deen (oder déi) d'Art gülteg beschriwwen huet (oder hunn) --> Panurus biarmicus (Linnaeus, 1758). Ausserdem missten nëmmen déi latengesch Wierder an Italique gesat ginn, déi aner Sprooche nët. Dat ass eng Konventioun wann een wëssenschaftlech Nimm benotzt (Den Auteursnumm an d'Joreszuel ginn nët an Italique gesat, an den Auteursnumm gëtt oft a Kapitälchen gesat), also sou:

  • Baartmees (fr.:mésange à moustaches; d.: Bartmeise; Panurus biarmicus Linnaeus 1758).

Misst een vläischt dat ganzt duerchgoen, a wéinstens d'Majusculen an d'Nimm richteg schreiwwen. --PlayMistyForMe 17:09, 4. Sep. 2008 (UTC)Äntweren

Verschiddenes

[Quelltext änneren]

Moien,
1. Den Numm vum Auteur vun der Originalbeschreiwung vun den Aarten hunn ech vu 'grouss' op 'kleng' gesat, also vu LINNAEUS op Linnaeus. Déi 'kleng' Buchstawen entspriechen deem moderne Gebrauch, wéi en an der grousser Majoritéit vun de wëssenschaftlechen Zäitschrëfte gebraucht gëtt, an esou och an den en- an fr-Wikien. An der de-Wiki gebrauchen s'allerdéngs nach déi 'al' Schreifweis.

2. An der Biologie schwätzt ee vum wëssenschaftlechen Numm vun enger Aart, an net vum laténgeschen Numm. Dat virun allem well d'Nimm vun den Aarten net musse laténgesch Wierder sinn... si musse just latiniséiert sinn. Hei den Text aus dem Artikel en:Binomial nomenclature:
The two-part name of a species is commonly known as its Latin name. However, biologists and philologists prefer to use the term scientific name rather than "Latin name", because the words used to create these names are not always from the Latin language asw.

Duerfir hunn ech l. (fir laténgeschen Numm) duerch w. (fir wëssenschaftlechen Numm) ersat.

3. Am Lëtzebuergesche gëtt et (wéi och an anere Sproochen) eng ganz Rëtsch vun Nimm fir jee ee selwecht Déier. Déi allermeeschte vun deenen Nimm sinn net méi am Gebrauch. Bei de Vigel hu mer eng exzellent Referenz fir déi gebräichlech Nimm, an zwar: Vögel Luxemburgs, P. Lorgé an Ed. Melchior, 2010. Ech proposéieren datt mer déi an dëser Lëscht iwwerhuelen (awer mat der richteger Schreiweis, déi net ëmmer an deem Buch respektéiert ass). Am Artikel vun deene verschiddenen Aarte kënne jo all aner Nimm an engem separate Paragraph opgezielt ginn. --Cayambe 22:17, 13. Mäe. 2011 (UTC)Äntweren