Diskussioun:Wäistrooss (Lëtzebuerg)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Watfir en Numm déi Strooss op "de Stroossekaarten" huet, ass kuriéis. Ëm watfir Stroossekaarte geet et iwwerhaapt? Wann hei vun "de" Kaarte Rieds geet, da wiere se jo all gemengt. Steet op all Kaart dat selwecht. Hei gëtt jongléiert tescht "huet se den Numm" - "am grousse Ganze gëtt genannt" - "kritt se den Numm" - "heescht se" - "kritt se hiren Numm op der Kräizung mat der Strooss An der Gewan erëm".
"Gëtt genannt": wien nennt dat esou, a wou steet dat? Ech hunn e schlecht Gefill mat deene Recherchë mam Fanger op der Kaart.
Dat kléngt alles e bësse speziell. Datt et engem hei géif afalen, beim Kadaster laanschtzegoen, fir sech dat emol "aus éischter Quell" weisen ze loossen, wier eng gutt Iddi. Mer louse jo aus, wie geet, gell?
--Cornischong 23:08, 9. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]

Kuck emol einfach eng Kéier hei: http://www.viamichelin.fr/viamichelin/fra/tpl/hme/MaHomePage.htm an hei http://www.pch.public.lu/reseau_routier/reseau_routier.pdf da kanns de der Wee op de Kadaster spueren. Les Meloures 23:31, 9. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]
nach eng: http://maps.google.fr/ Les Meloures 23:38, 9. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]

Merci nach eng Kéier. Lo weess ech och, datt d'Strooss hiren Numm vu Michelein a vu Guggel krut. --Cornischong 00:06, 10. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]

Do läis de an denger Logik falsch méi léiwe Frënd. D'Stroossennimm ginn net vu Michelin oder vu Guggle oder soss engen Kaartemécher ausgedeelt, mä déi schreiwen déi Nimm dohinner wéi se se vun de Verwaltungen unhand vun detailléierte Kaarte matgedeelt kréien. Si erfannen och keng Héichten, mä iwwerhuelen déi déi op den topographesche Kaarte stinn. Wanns de an engem GPS déi Stroossennimm agëss, da féiert deen dech op déi richteg Plaz, well dee suckelt sech déi Nimm och net aus de Fangeren. Wann dat der net aliicht datt déi online Kaartewierker déi zum gréissten Deel d'Basis vun deem Systeem sinn, sou genee sinn datts bis de bis virun déi richteg Hausnummer guidéiert gëss, da kann ech der net hëllefen. Les Meloures 01:00, 10. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]

Deen Dag wéi ech d'Wäistross ofgefuer sinn ...[Quelltext änneren]

"Deen Dag wéi ech d'Wäistross ofgefuer sinn ...." (Les Meloures 23:43, 9. Jul. 2009). Dat heescht, dee war "op der Plaz", wéi et schéngt. Am Artikel liese mer ë.a. dat hei: "Am grousse Ganze gëtt esou d'N10 vu Schengen bis op Gréiwemaacher genannt." an "Als Deel vun der N10 kritt se den Numm Route du Vin wann ee vu Schengen kënnt, am Agank vu Réimech op der Kräizung mat der Rue de Macher a behält e bis op d'Kräizung no der Maartplaz." Dann elo mol ganz däitlech: Zu Schengen huet d'N10 iwwerhaapt näischt mat der Wäistrooss ze dinn. D'Wäistrooss kënnt zu Schengen de Bierg laanscht d'Bensinspompelen erof a béit eng 50 m hanner dem Kochhaus lénks (!) of bis bei déi grouss Aral-Statioun mat Haiser op béide Säiten. D'N 10 féiert laanscht d'Musel bis bei de Rond-point fir laanscht d'Musel a Richtung Réimech. D'Wäistrooss féiert duerch (!) Remerschen (wat bei der N10 net de Fall ass), duerch Wëntreng (wat bei der N10 net de Fall ass)..... Schwéidsbeng (wat bei der N10 net de Fall ass), duerch (!) Bech-Maacher (wat bei der N10net de Fall ass) a.s.w. bis viru Réimech. D'Wäistrooss kritt natierlech net den Numm "Wäistrooss" "wann ee vu Schengen kënnt, am Agank vu Réimech op der Kräizung mat der Rue de Macher a behält e bis op d'Kräizung no der Maartplaz", well se den Numm "Wäistrooss" bannent der Uertschaft Réimechiwwerhaapt net dréit. Do si logeschweis och keng Panneauen ze gesinn. An op Nofro krut ech dat live (!) um Réimecher Gemengesekretariat confirméiert, well ech duecht, ech hätt e Panneau verpasst. Fir déi schwéier vu Begrëff ass all Secteur vun der Route du vin eenzel ugewisen mat engem Panneau. Esou ass et och kloer, datt d'Schengener Schlass guer net un der Wäistrooss steet, well déi féiert laanscht d'Kochenhaus an net laanscht d'Musel. Fir déi, déi sech léiwer selwer iwwerzeege ginn, wéi deem Brach-Artikel ze gleewen e Rot: Zu Schengen ass deen Deel, dee parallel mat der N10 leeft am Ament opgerappt, an et kënnt een net mam Auto derduerch (zu Fouss awer wuel). D'N10 laanscht d'Musel ass fir de Verkéier op. Dat emol fir den Ufank. Wann een net derzou sollt kommen, en Tour dohin ze maachen, kann e gär vun all Secteur a vun all Panneau Fotomaterial gewise kréien. Awer provisoresch nëmme bis op Meechtem. Affaire à suivre, also. --Cornischong 23:38, 10. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien,

Ech hat effektiv den Ufank zu Schengen net mattkritt. Mea Culpa. Den Artikel gëtt an den nächsten Deeg verbessert, bis dohinner steet e just a Kuerzinfo do. Les Meloures 20:12, 17. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]