Diskussioun:Wäiswampech

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ënnert deem neie Bild (wat iwregends ganz schéin ass) steet "Kapell vun Ouren beim Lancaster Memorial". Also, wann déi Kapell wierklech um Territoire vun Ouren, an domat an der Belsch läit, da misst een dat Bild éischter bäi en neien Artikel mam Titel Ouren setzen. Wann se awer ieren awer nach um Territoire vu Wäiswampech steet, da misst d'Bildënnerschrëft geännert ginn. --Otets 01:39, 10 Abr 2005 (UTC)

Op der Websäit vum Lancaster-Memorial steet, datt et bei der Kapell vun Ouren ass (Bei der Beschreiwung vun der Aweiung op deeër Säit huet de Buergermeeschter vu Wäisswampech d'Haaptried gehal, bei de Sponsere fënnt een (bis op e puer Ausnamen)nëmme Lëztebuerger Firmen). Ech hunn op Grond vun der Informatioun op der Websäit "Kapell vun Ouren" dobäigesat. An op der "Kaart" (ënner LINKS) steet d'Kapell esou just op Lëtzebuerger Terrain! --Cornischong 07:57, 10 Abr 2005 (UTC)

Kuckt emol den hollänneschen Artikel!! A besonnesch den externe Link!!!! Hir Kaart ass besser wéi eis, oder net? --Cornischong 21:54, 25 Oktober 2005 (UTC)

Ah, jo, effektiv! Et desinforméiert een alt wéi ee kann. Do kribbelt et engem dach, fir deenen hir Topegkeeten ze korrigéieren - an dann och erëm net. --Otets 22:50, 25 Oktober 2005 (UTC)