Diskussioun:Lann zu Kënzeg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Nodeems de Säitelayout "verbessert" gouf, gesinn ech mat Safari e Styropor-Artikel mat ville grousse wäisse Flächen. --Cornischong 09:55, 13. Abr 2008 (UTC)


Mech steieren an dësem Artikel déi wäiss Flächen u sech net. Dat hu mer an deene meeschten Artikelen, an deene vill Fotoe stinn a wéineg Text ass. Mer hunn der soss nach ganz vill, bei deenen d'Fotoen am Text hin an hier trëllen, an anerer an deenen zwou oder dräi Foten zweemol am Artikel stinn, an déi einfach net liesbar sinn, well e muss fir d'éischt an e Labyrinthe-cours goe fir sech derduercht kënnen ze liesen. Hei kann e wéinsten riichtduerch liesen an duerno kann een esou vill Fotoe kucke wéi ee wëll, ob mat wäisse Plazen oder net. Les Meloures 10:20, 13. Abr 2008 (UTC)

Ech hu mer "dat" emol am Firefox ugekuckt. Do ass et d'selwecht. Ech op alle Fall klasséiert dat an de Rayon "onméiglech". --Cornischong 10:34, 13. Abr 2008 (UTC)

Salut
kanns de mol e print screen maachen, vläicht gesi mer net dat selwecht Les Meloures 11:23, 13. Abr 2008 (UTC)
Waren éier de Cayambe de Layout geännert huet déi grouss wäiss Plazen net do? Les Meloures 11:28, 13. Abr 2008 (UTC)

Salut,
de Säitelayout hunn ech geännert well bei mir um Schierm, also warscheinlech och nach bei villen anere 'Leit', de ganze "Kuckt och" tëschent de Fotoen hott an har verdeelt wor, an zum Deel an d'Biller eragedréckt wor. E gesäit also net bei jiddwerengem d'selwecht aus.
De Säitelayout hänkt nun emol souwuel vum Browser (Internet Explorer, Firefox, asw) wéi och vum Schierm (senger Gréisst an och senger Opléisung) of.
Wann de Säitelayout bei engem vun eis ordentlech ausgesäit, dann heescht dat net dass et bei allen anere Kuckerten och esou ass. Léiwer e puer wäiss Lächer wéi sech iwwerlappend Biller an Texter :-)Cayambe 15:18, 13. Abr 2008 (UTC)

Buchsteine vs Buchsteine[Quelltext änneren]

Salut, de Modert (1962) schreift, datt 1908 déi huel Lann mat Buchsteine von Grass gefëllt gouf, woubäi sécherlech en Drockfeeler ënnerlaf ass. Richteg soll et warscheinlech de: Bruchsteine heeschen. Bruchstein hunn ech elo just duerch 'Steng' ersat. --Cayambe 16:39, 22. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]


Bonjour,

Ech wéisst net wou zu Grass eng Steekaul sollt gewiescht sinn. Kann et net sinn datt de Modert einfach dat lëtzebuergescht Wuert Buch esou iwwerholl huet. De Buch ass eng leemeg Formatioun déi zimmlech fest ass an engem Stee ka gläichen, deen awer wann en net méi duerch aner Loe protegéiert ass zimmlech séier zerfällt. Wéi e geoloesch oder pedologesch richteg heescht weess ech zwar net. Et kéint eng Zort Gley sinn, wéi se gären op Plaze wéi an der Géigend vu Grass bis op Käerjeng virkomm sinn, an dacks do ze fanne sinn wou een och Bounäerz (Rasenerz) fënnt, wat jo och an där Géigend de Fall war. Den Ausdock Buchsteen hunn ech allerdéngs ni héieren. Et gëtt einfach Buch derfir gesot. Pierrenilles 17:14, 22. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien a Merci fir d'Informatioun. Ech hunn an der Tëschenzäit bei Geologen nogefrot: et stëmmt, datt d'Mineuren zu Lëtzebuerg eng mergeleg Schicht, déi beim Eraushuelen ewéi e Buch zerbliedert a wéineg Eisen enthält, 'Buch' genannt hunn. Dëst schéngt awer net dokumentéiert ze sinn.
Et schéngt also, datt änlech, bliedereg Mergelen (déi et ronderëm Grass gëtt), och 'Buch' genannt goufen, warscheinlech vu Leit déi de Buch aus dem Minett kannt hunn (meng Interpretatioun). Ech änneren den Text an deem Sënn. --Cayambe 09:47, 25. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

7 Joer nom Stuerm[Quelltext änneren]

Et wier sécherlech intressant, bei Geleeënheet eng aktuell Foto ze hunn déi weist, wéi sech d'Lann (hoffentlech) an de Joren nom Stuerm erkritt huet. --Zinneke (Diskussioun) 17:23, 15. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]

Moien, ech war virun e puer Deeg do an hat och dorunner geduecht, awer et war kee Fotoswieder. Et wier och gutt fir bis an de Summer ze waarden, fir datt een eng mat der Lann am Laf kritt, fir e bessere Vergläich ze gesinn. --Les Meloures (Diskussioun) 19:41, 15. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]
Ech hunn den 30 Abrëll eng Foto gemaach, leider ass nach guer kee Laf drun. --Les Meloures (Diskussioun) 07:52, 2. Mee 2013 (UTC)[äntweren]