Op den Inhalt sprangen

Diskussioun:Waassermeloun

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Sujet derbäisetzen
Vu Wikipedia
Leschte Kommentar: viru(n) 3 Méint vum GilPe am Sujet Nierwäert

Nierwäert

[Quelltext änneren]

Moien,

Aus „Nierwäert“' gouf „Nahrhaftigkeet“ gemaach. Dat schéngt mer och kee geleefegen Ausdrock ze sinn… ass net eventuell „Energiewäert“ besser? | GilPe (Diskussioun) 08:36, 1. Okt. 2025 (UTC)Äntweren

TL;DR: Ech proposéieren Närwäert.
Laang Versioun:
Ech gi vun dräi Kandidaten aus: Närwäert, Brennwäert an Energiewäert. Ech géif Närwäert géigeniwwer vun Nierwäert preferéieren, well mer Ernärung méi geleefeg virkënnt wéi Ernierung (den LOD ass d'accord) an Nierwäert (zumindest mech) un nieren am Sënn vu stillen denke léisst. Nahrhaftigkeet ass semantesch wéi sproochlech kee seriöe Kandidat.Am Däitsche gëtt ënnerscheet tëscht quantitativer Nährwert (Energiegehalt) a qualitative Nährwert (Inhaltsstoffer). De qualitativen Närwäert gëtt och physiologischer Brennwert (Energie, déi de Kierper rauszitt) genannt; deen ass awer vum physikalischer Brennwert (Energie bei vollstänneger Verbrennung) z'ënnerscheeden. Närwäert a Brennwäert sinn also béid méideiteg. Mee bei Närwäert gëtt doduerch, datt de Wäert a kcal pro Mass ugi gëtt, eendeiteg, wat gemengt ass, woubäi dat beim Brennwäert och dann nach méideiteg bleift. Dohier gefält mer Närwäert scho mol besser. Energiewäert ass mer als Begrëff nei (vu valeur énergétique?) an dohier weess ech net, wéi kloer an eendeiteg e wier.
(Et kéint een natierlech och en Ausdrock mat zwee Wierder benotzen a quantitativ oder physiologesch dohinner schreiwen oder op nach ze schreiwend Artikele verlinken, fir datt kloer ass, wourëms et geet.) --Volvox (Diskussioun) 14:45, 1. Okt. 2025 (UTC)Äntweren
Dat hei mengen déi däitsch: Der physiologische Brennwert ist die Energiemenge, die ein Körper tatsächlich aus einem Nahrungsmittel gewinnen und nutzen kann. Im Unterschied zum physikalischen Brennwert, der bei vollständiger Verbrennung entsteht, wird der physiologische Brennwert durch die tatsächliche Verstoffwechselung im Körper bestimmt. Für die Nährwerte von Lebensmitteln werden typischerweise standardisierte Werte verwendet: 4 kcal (17 kJ) pro Gramm für Kohlenhydrate, 4 kcal (17 kJ) pro Gramm für Eiweiß und 9 kcal (37 kJ) pro Gramm für Fett.
Op de Verpackungen ass sou wäit wéi ech weess och ëmmer de physiologesche Brennwäert uginn. --~2025-27366-12 (Diskussioun) 14:54, 1. Okt. 2025 (UTC)Äntweren

Merci fir all déi Erklärungen; mëttlerweil gouf am Artikel schonn „physiologesche Brennwäert“ agesat, wat fir mech och an der Rei ass (a vu wou aus ech iwwer „valeur énergétique“ op „Energiewäert“ gestouss sinn). | GilPe (Diskussioun) 15:10, 1. Okt. 2025 (UTC)Äntweren