Diskussioun:Waassertuerm op der Cloche d'or
Moien, Mat all deene neie Quartiere sinn ech iwwerfuert: Wéi grenzt ee Cloche d'Or, "Ban de Gasperich" a Gaasperech allgemeng géintenaner of, a steet deen Tuerm deemno, wéi ech un huelen, op der Cloche d'Or - oder wier Gaasperech méi richteg? --Zinneke (Diskussioun) 13:36, 15. Mäe. 2018 (UTC)
- Moien och,
- De gréissten Deel vum Lieu-dit Cloche d'Or läit am Quartier Gaasperech, just dat Gebai mat de „5 Fangeren“ (Drosbach) gehéiert zu Zéisseng (cf. http://www.topographie.lu). -- GilPe (Diskussioun) 20:54, 20. Mäe. 2018 (UTC)