Diskussioun:Wale fir d'Europäescht Parlament 1979 (Lëtzebuerg)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Ech hunn d'National Bewegong aus dem verstoppten Text eraus geholl well et déi eréischt zënter 1987 gouf. (Mémorial C vum 21.09.1987) an do ënner dräi verschiddenen Nimm steet an och net mat O geschriwwen.

Les Meloures 20:10, 9. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Moien, just fir net nach méi Konfusioun ze schafen: Ech hat am verstoppten Text extra grouss derbäigeschriwwen, dat wier d'Schabloun vun 1994 (d.h. mat alle Parteien, déi deemools kandidéiert hunn an hire Pourcentagën). Et war verstoppt fir wann ee bei 1979 (an 1984) d'Prozenter an d'Nimm vun de Parteien, déi déi Joere kandidéiert hunn, anzwousch fanne kéint, en dat do asetze kéint. D'Parteien, déi 1994 kandidéiert hunn, (absënns déi "kleng") sinn net déi selwescht wéi déi an de Joere virdrunn.--Zinneke 21:52, 9. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]


Remoien,

Ech hunn et just erausgeholl net datt ee soll mengen en misst nach no deenen hire Resultater sichen, am Fall wou e wéilt kompletéieren. Les Meloures 22:17, 9. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]