Diskussioun:Walross

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien, zwou sproochlech Froen fir d'Allgemengheet, wou ech selwer net sécher sinn: Ass d'Méizuel "Walrösser" (wat mer e bësse vill transmuselanesch kléngt), oder dach "Walrossen"? A kann ee bei deem Béischt bei de Weibercher vun enger "Mudder" schwätzen? Oder ass deen Ausdrock éischter fir Muppe reservéiert?

Moien, bei den Hënn, de Katzen, de Kanengercher, an nach ville Mamendéiere gëtt dat weiblecht Déier Mudder genannt ausser et gëtt an der Aart e spezifeschen Ausdrock Kou (f) Stéier (m) sou wéi et bei de Männercher dacks de Ridd oder de Bock ass ausser erëm wéi bei de Kazen Mudder (f) a Kueder (m) a.s.w. Soulaang wéi näischt besseres bekannt ass schéngt Mudder mir jiddwerfalls net sou falsch ze sinn ausser mer wëllen dat wierklecht transmuselanescht Weibchen.
Wat d'Méizuel ugeet do musse mer vläicht waarde bis déi gescheit Leit vun der Kalchesbréck mol Gas gi mat hirem Dictionnaire. Vläicht erwäche se no all deem Gebraddels wat an der leschter Zäit an der Chamber an an der Press opgefouert gouf. Am Dätschen ass et jiddwerfalls Walross (s) a Walrosse (pl). Op der Kalchesbréck si se jo lo ganz stolz beim Z ukomm. Da wäerte se jo lo Zäit hu fir d'Lächer ze stoppen, a sech bei den Ätwerten déi se de Leit ginn mol iwwerleeën op se d'Wierder all an hirer Magicbox hunn.
Mer kënnen och déi lëtzebuergesch Méizuel mol ewechloossen, bis mer Besseres gewuer ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 09:33, 18. Jan. 2017 (UTC)[äntweren]
Merci! --Z.
Nach just e klenge Supplement: Dat däitscht Ross (n) huet näischt mat der lëtzebuergescher Ross (f) ze dinn grad sou wéineg wéi déi däitsch Mähre eppes mat der lëtzebuergescher Mier ze dinn huet, ausser natierlech datt et Päerd sinn, mä d'Bezeechnung komplett verschidden ass.