Diskussioun:Wopen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Schutzwaff[Quelltext änneren]

Et war nämlech dacks op engem Schëld als Schutzwaff ubruecht.

Wat dann am Kloertext géif heeschen, datt e Wopen eigentlech eng Schutzwaff war. Oder awer vläicht net. --Les Meloures (Diskussioun) 13:53, 2. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]

Besser wi et lo ass? --Otets ♣ 19:44, 2. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]
Yesss :-))  :-)) --Les Meloures (Diskussioun) 19:47, 2. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]

Tinktur[Quelltext änneren]

Sträich wann ech gelift de kallefzegen däitschen a falschen Ausdrock Tinktur aus dengem Vokabulaire. A wat ass eng Ritterstrooss? --Les Meloures (Diskussioun) 10:50, 3. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]

Vu mär aus kéint ee "Foarwen" aplaz Tinktur soen, ech hu just e Probleem gesi well d'Preise dat Wuert fir "Emailer" gebrauchen, a wee vu Wiki zu Wiki riwwerspréngt dee kann dat verkuebelen. Oder soll een "Tingéirung" soen?
Den Ausdrock "Ritterstrooss" hunn ech vun der de-wiki am Artikel iwwer d'Wope vum Haus Lëtzebuerg, an ech hunn der lo grad och gemailt datt en an dräi ale Bicher ze fannen ass. Ech halen awer net op deen Ausdrock, wann s de mengs dee wier ze ausgefall dann huel en ewech. --Otets ♣ 11:34, 3. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]
Looss mol ons transmuselanesch Nopere schreiwe wat se wëllen (et sinn och scho laang keng Preise méi), déi wëssen net méi an der Heraldik wéi déi aner. (éischter manner) well si hunn d'Blasonéierung net erfonnt, an hir Wikipedianer schreiwen och dacks just nëmme fir Säiten ze fëllen (ohne Rücksicht auf Verluste).
Lies mol den däitschen Aufsatz iwwer d'Tinktur. Deen huet mat Heraldik rose wéineg ze dinn. D'Fransouse soe Couleur an d'Englänner color. Sollen déi méi domm si wéi den däitschen Tinkturist. --Les Meloures (Diskussioun) 12:14, 3. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]
Effektiv schreift d'de-wiki éischter Tingéirung wéi Tinktur. Mee aner Wikie bleiwe bei Tinktur, virop d'en-wiki, mee och cs, da, fi, hr, kk, la, no, pl, ru an sv. --Otets ♣ 17:36, 3. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]
Sou wéi ech dat gesinn gëtt d'Tinktur oder tingéieren bei deene gebraucht déi Faarf fir d'Emailer soen. Well dat bei ons a bei de Fransousen net sou ass brauche mer och net mat der Tinktur ze hantéieren. D'Englänner ginn iwwregens eng flott Erklärung:
The colours and patterns of the heraldic palette are divided into three groups, usually known as metals, colours, and furs. In its original sense, tincture refers only to the group conventionally referred to as "colours". But as the word "colour" seems inapplicable to the heraldic furs, and no other term clearly encompasses all three classes, the word "tincture" has come to be used in this broader sense, while "colour" has acquired the more restricted sense originally given to "tincture". Thus, when consulting various heraldic authorities, care must be taken to determine which meaning each term is given.
--Les Meloures (Diskussioun) 19:41, 3. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]
D'Fro ass, op bei eis scho bestëmmt ass, op mer "Foarf" oder "Email" fir d'Emailer soen? Well wann net, da soen ebe grad d'Englänner, datt zwar ugaangs "Tinktur" net dat Ganzt mee d'Emailer gemengt huet, mee "Foarf" kéint net gebraucht gi fir Pelzwierk ënnert sech ze gruppéieren, dat kinnt héchstens en zweckentfremt "Tinktur". --Otets ♣ 22:06, 4. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]
Wéi wier et wa mer eng Versammlung géife maachen fir ofzestëmmen. Mir perséinlech kënnt d'Tinktur zimmlech verhaaspelt fir wéi nach e Koup vun den transmuselaneschen Ausdréck déi einfach ofgeknäipt ginn ouni ech fir 2 Sou de Kapp ze zerbriechen, ob et an ons Sprooch passt.
Firwat dann net och Teinture oder Teinte. Well schliisslech ass d'Teinture bei ons méi am Gebrauch.
Wat hues de géint d'Emailer déi schliisslech kloer soe wat gemengt ass. --Les Meloures (Diskussioun) 11:03, 5. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]
Ech hunn däi leschten Diskussiounsbäitrag vun den Emailer hei rop bei d'Tinkture geplënnert. Effektiv hunn ech mech schlecht ausgedréckt, ech hu guer näischt dergéint, datt mer d'Emailer och Emailer nennen. Ech hätt dowéinst hei driwwer besser gehat net d'Emailer nees an d'Diskussioun opzehuelen, mee just ze froen op bei eis scho bestëmmt ass (vun Heraldiker di op Lëtzebuergesch schreiwen, net vun eis zwéin), op mer op Lëtzebuergesch "Foarf" als Synonym fir dat franséischt "Email" oder als Synonym fir dat däitscht/englescht Tinktur huelen? Mee suguer dat ass zweetrangeg, déi eigentlech Fro ass, op et erlaabt ass, Pelzwierg "Foarf" ze nennen - d'Englänner soen neen, d'Fransousen hale wuel jo. Ech weess et éierlech gesot absolut net, a loosse mech gär iwwerzeegen. Vläit sollt de Jamcelsus beim Klein uklappen (oder eis d'Méiglechkeet ginn do unzeklappen, well beim Hary V. wiere wuel och nach Froen zu sengem Liewen)?
Firwat Tinktur an net Teinture oder Teinte? Mäin Argument wier, datt jiddereng vun den 11 Wikien di en Ausdréck aus deem Lager gewielt huet, "Tinktur" oder eng no Variant dovu seet an dat iwwer all Sproochgrenzen ewech, mer liesen haaptsächlech "Tinktura" (iwwregens och am laténgeschen) mee och alt "Tinktur", "Tincture" an "Tinktuurit" (just d'de-wiki huet als Lemma "Tingierung" gewielt an danzt aus der Rei, mee och si als zwieleft Wiki hu plazeweis "Tinktur"). Ernimme wëll ech op dëser Plaz och nach d'Serben, di sech wuel net eenege konnten an als Lemma "Foarwen, Metaller a Pelzwierk" gewielt hunn (wat ech awer lo net noma wéilt). --Otets ♣ 11:39, 5. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]
A lëtzebuergeschen Dictionairen gëtt dat däitscht Wuert Tinktur mat Teinture iwwersat.

Wat fr:Wiki seet: Les émaux, composés essentiellement de l'azur, du gueules, du sable, du sinople et du pourpre wat och mam Dr. J-C. Loutsch senger Ausso am Wopebuch vun de lëtzebuergesche Gemengen iwwereneestëmmt. --Les Meloures (Diskussioun) 19:58, 2. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]

Beschreiwung am Artikel iwwer d'Faarf:

En héraldique, pourpre est un émail d'une couleur variant du gris-brun au rouge violacé, définition correspondant au bordeaux AFNOR XO8-010. Plutôt rare, cet émail se rencontre surtout dans les blasons d'ecclésiastiques. En représentation monochrome, il est symbolisé par des hachures « en barre » (obliques montant de gauche à droite)

Ech hu grad festgestallt datt d'elektronesch Post an d'Schmelzwierk sech d'selwecht schreiwen))) Mee zréck bei d'Thema. Ech bestreide guer net datt Purpur eng Tinktur ass, ech soe just datt et kee vun den Haaptemailer ass. Wouriwwer sech op den éischte Bléck wuel streide léisst: Op der fr-wiki si sech ugaangs net ganz eens, den Artikel fängt u mat am Text Purpur als ee vun den Emailer déi an éischter Linn genannt solle ginn, mee bildlech am Tableau vun den Haapttinkture loosse se da Purpur ewech. Awer beim Ënnertitel "Haapt- an Niewefoarwen" do ass d'fr-wiki sech dann nees eens a liwwert och direkt eng Begrënnung mat: Et gëtt sechs Haapttinkturen, Purpur gehéiert net dozou mee ass eng secondaire Tinktur. Éischtens giff Purpur net vun all Heraldiker als valabel Tinktur unerkannt ginn (mee wuel awer vun deene meeschten déit ech soen). Et ass keng vun deenen Tinkturen di vun Ufank un dozougehéiert hunn, a souguer haut ass de Gebrauch rar an dacks lokal begrenzt. Et gëtt gezéckt wéi ee se korrekt schwoarz/wäiss soll duerstellen. An zu gudder Lescht zéckt d'Traditioun en plus nach op Purpur lo zu den Emailer oder de Metaller gezielt soll ginn, well d'Tinktureregel opgestallt gouf ier Purpur opgedaucht ass, a spéider se wi Pelzwierk éischter "amphibesch" oder als "Passe-partout" gesinn huet dee sech net u Verbueter vun der Tinktureregel hale muss (wat een empiresch op Commons och feststelle kann, zwar schéngt se mi dacks wi en Email gebraucht ze gi mee et gesäit een och eng sëlleche Wope wu Email op Purpur stéisst). Bei der Lëscht vun den heraldeschen Tinkture stellt d'fr-wiki fest datt et en "Email secondaire" wier. Gi mer eriwwer bei d'de-wiki, di Purpur zwar prominent an hirem Tableau als Email presentéiert, mee wann et dann driwwer hiergeet, da stelle se kloer datt Purpur op hire Wope mol iwwerhaapt net virkënnt (just mol op hire Prachtstécker wi Wopemäntel etc.), op engleschen a franséische Wope kéint een déi Tinktur dogéint alt gesinn. Sou ass Purpur dann och net an hirer Lëscht vun den heraldeschen Emailer ze fannen, mee just an deer vun den natierlechen Emailer. Zum Schluss e Bléck op d'en-wiki, déi kloerstellt, datt am franséische Raum Purpur gemenkerhand vun den Haaptemailer ausgeschloss gëtt a fir de Rescht als zweedeiteg gëllt. Si zitéiere Pastoureau, "Heraldry", S. 45. dee seet datt verschidde franséisch Heraldiker Purpur souguer mol iwwerhaapt net als richteg heraldesch Tinktur unerkennen. Am engleschsproochege Raum dogéint kéint ee Purpur duerchaus als Tinktur a souguer als eent vun den Haaptemailer gesinn, och wann et ëmmer rar war an doduerch souguer bei hinne kontrovers diskutéiert gëtt op ee Purpur net awer léiwer als Niewenemail klasséiere sollt. Fir ofzeschléisse wëll ech soen, datt bei all deenen Onsécherheete menger Meenung no Purpur zwar als Tinktur an do als Email gëlle sollt, mee awer net als eent vun den Haaptemailer di am Resumé am Artikel "Wopen" ernimmt misste ginn. Ech wëll en Artikel "Tinkturen" opman, do giff ech Purpur dann als Niewenemail oplëschten an e bëssen op d'Kontrovers agoen. --Otets ♣ 10:11, 3. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]
Ech kann domat liewen ech wollt der nëmme just soen wat sou doruechter a besonnesch beim Loutsch (dee je net grad vun der Heck gepléckt ass) steet. --Les Meloures (Diskussioun) 10:50, 3. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]

Vun Heraldiker di op Lëtzebuergesch schreiwen[Quelltext änneren]

Kenns du een?? Ech net!!!!

Se schreiwen all op franséisch a schonn alleng dofir wier et m.M. no ubruecht fir mat de franséische Ausdréck weiderzefueren.

All ons Wopebeschreiwunge sinn op franséisch an et mécht sowäit wéi ech dat gesinn rose wéineg Sënn fir op eemol ze wëlle mat däitschen heraldeschen Ausdréck ze jongléieren. D'Struktur ass vill méi däitlech an et brauch e kengem z'erklären op déi däitsch Tinktur wou a wéini richteg gebraucht ass oder net. Am Franséische sinn d'Auteure sech iwwer de Gebrauch vu den Ausdréck zimmlech konsquent, wat een nach laang bei den däitschen Heraldiker feststelle kann, well déi ameséiere sech ganz gär dermat fir een deem anere Feeler an d'Schong ze schëdden. (Dat ass mir wéinsten no op d'mannst 500 Säite Lecture vun däitschen Heraldiker opgefall). A wat se méi rezent sinn wat se méi aus der Rei danzen. --Les Meloures (Diskussioun) 12:09, 5. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]

Neen, ech kenne keen deen op Lëtzebuergesch schreift. Se schreiwen awer net alleguerten op Franséisch, vum René Klein ass dat meescht op Däitsch - ech ginn zou, an engem vu sengen Artikele schwätzt en op Däitsch vu Foarwen. Vu mär aus sief et dann, just eppes wëll ech nach nofroe fir sécher ze sinn (du hues méi driwwer gelies wi ech): Kann een och Pelzwierk als Foarf bezeechnen? --Otets ♣ 08:23, 8. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]
Jo sécher --Les Meloures (Diskussioun) 08:33, 8. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]