Diskussioun:Yad Vashem

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

@De fréiere Justizminister a Chamberpresident Victor Bodson huet ënner Liewensgefor eng 100 Judden a Sécherheet bruecht Do froën ëch mëch, wéi en daat ferdisch bruecht huet, am Londoner Exil sëch bei der Rettung vun 100 (?) Judden (wou war daat?) a Liewensgefor ze bréngen?

Kuck "Um Spaweck" de leschte Link. --Cornischong 19:54, 11 Juli 2007 (UTC)

aha! A wéi kommen ëch dohinner? (am lëtzebuerger wikipedia kennen ëch mëch nach, sou gudd wie guer net aus... Een Link wier flott gewiecht :-( --Osbert 20:27, 11 Juli 2007 (UTC) OK, lo hunn ëch et. Also wann ëch daat richtig verstinn, huet de Bodson "during the holocaust period", (heescht daat tëschend 1942 no der Wannseekonferenz an 1945), een Duebelliewen gefouert! Dachs iwer huet hien zu London un de Setzungen vun der Exilregierung deelgeholl, a Nuets ass hîen iwert Steinheim paraschutéiert, fir do FLüchtlingen aus der Sauer ze fëschen. Dann huet hien sëch nees vun engem Fliger oofhuelen loosst? Daat schéngt mir dach alles e bessi vague! Do géif ëch mir e bessi méi Quellekritik gewënscht gehaat hunn. Primärquellen ginn sie och kéng un :-(( --Osbert 20:36, 11 Juli 2007 (UTC)

Gudden Owend
Wanns de der déi Websäit emol genee ukuckst, dat war jo och den Zweck vum Hiweis dodrop, souwäit wéi ech dat wéinstens verstinn, da geséis de watereen Zäitraum do ofgedeckt gëtt. Dee Moment misst dat méi verständlech sinn. Et steet neirens geschriwwen datt de Victor Bodson dat tëscht 1940 an 1945 gemaach huet. Judden déi an Däitschland fortgelaf sinn gouf et schonns laang virun 1940. Les Meloures 21:17, 11 Juli 2007 (UTC)

Merci fir den Versuch vun der Opklärung. Ma gudd, da kucke mir mol, waat genee do steet (erauskopéiert):

Victor Bodson, former Justice Minister and Chairman of the Luxembourg House of Representatives, saved approximately 100 Jews during the Holocaust period.
Bodson owned a house in the city of Steinheim, close to the river Sure, on the border between Germany and Luxembourg. He organized an underground escape route for Jews, rigging up a special apparatus in his car for this purpose. The Jews had to cross the river Sure, and to come to his house in Steinheim. There, they changed out of their wet clothes, after which Bodson personally escorted them to a safe haven, prepared in advance by friends. Bodson risked his life in the course of these activities.

Waat musse mir feststellen? 1) Et get KENG quantitativ (etwa "from 19933 to 1939, Victor Bodson...), mee just eng qualitativ Ausso getraff: "during the Holocaust period". Selbstverständlich weess ëch selwer, dass d'Judden och virun 1940 an Däitschland verfollegt an diskriminéiert goufen. Waat hinnen zougemudd guff, gung awer nit iwert die zenter 1000 Joër üblich Progromer eraus, an die Period get normalerweis NIT als "Holocaust" bezeechent. Och um dt. Wikipedia get den Zäitraum 1933 bis 1939 als Virgeschicht, an nit als Geschicht vum Holocaust selwer oofgehandelt ("Die Entwicklung zum Holocaust begann 1933 mit der schrittweisen Entrechtung und Verfolgung der Juden in Deutschland... ") 2) Och die eenzig Quell aus deer zitéiert get, hält fest, dass Bodson däitsche Bueden nit betrueden huet, wuel och nit den Kondominium Sauer. Selbstverständlich bleiwt och d'Organiséieren vum sëchere lëtzebuerger Buedem aus, falls daat dann alles esou war, eng bemierkenswert Leeschtung. Riskéiert huet hien dobäi awer éischter séng Karriere als Minister, an Ärem Text get awer effekthascherisch ausgerechent die am mannste plausibel (a wuel och beluegten) "Liewensgefoor". Dorunner hunn ëch mëch gestouss, well:

Also mir ass et jo egal, mee ëch duecht alt Wikipedia wëllt een objektiven Lexikon sinn, a kéng Instantz zum Verbreden vu Gerüchter, die onkritisch Berichter aus singuläre Quellen iwerhëllt. Yad Vashem ass och fir mech eng moralisch héichrangig a glaawwierdig Institutioun, mee ass daat eleng schon Beleg fir d'historisch Korrektheet? Virschlag schreiwt dach : Vad Vashem begrënnt d'Opnam vum fréiere Justizminister a Chamberpresident Victor Bodson Victor ënnert die Gerecht domat, dass hien, deels ënner Liewensgefor, eng 100 Judden bei der Flucht gehollef hätt. (Ech selwer ginn nit gären un aneren hier Texter fummelen ;-) --Osbert 09:51, 12 Juli 2007 (UTC)

Ech stelle mer d'Fro firwaat datt d'Judden dem Victor Bodson iwwerhaapt eng Notiz zu Yad Vashem reservéiert hunn. Ech huelen net unn datt et war fir einfach eng Plaz mat falsche Bahaaptungen ze fëllen. Fro mol vläicht do no, wann dat Thema dech sou am Fong intresséiert. Sou wäit wéi ech gesinn steet an den lb: Artikelen näischt wat net aus enger seriöser Quell kennt. Ech ka mer och virstellen datt, wann dat net géif stëmmen hätte schonns eng Häerd lëtzbuergesch Judden, oder och anerer do reklaméiert. Puscas 12:54, 12 Juli 2007 (UTC)

An nach eppes[Quelltext änneren]

Léiwen Osbert. Fir hei de Sarkast zum Kalzong eraushänken ze loossen, ass dat Thema ze schued. Frees du bei der Administratioun vu Yad Vashem no, oder musse mär dat maachen? --Cornischong 22:13, 11 Juli 2007 (UTC)

Na du hues dëch sproochlich awer och séier u mëch ugepasst léiw Cornischong ;) Bon, entschëlleg mäin Toun, mee ëch haat gëschter e schwéieren Daag, a muss dann däin RTFM liesen. Ëch ginn halt eben ongären wéi een Schoulbouf behandelt. Wann ech eng prezis Fro stellen, hätt ëch och gären eng prezis Äntwert. Anerersäits fannen ëch Sarkasmus och manner schlëmm wie vielläicht aner Leit, och, oder grad bei "eeschten" Themen!! Méi schlëmm fannen ëch et, wann een bei "eechten Themen" sëch op eemol komplett aanescht an doduercher falsch behëllt, an een z.B. säi kritische Geescht oofschalt. Dann hëlt een de Sujet nämlich nit eescht, a entwürdigt ménger Meenung no tatsächlich d'Affer. Dohier trauen ëch, obwuel ëch an aller Bescheidenheet ménge behaapten ze kënnen, bei historischen Themen ziemlich sattelfest ze sinn, mëch als Auteur un sou Artikelen och nit erun. Fir mëch war och de POLITIKER Victor Bodson d'Thema, vun dem Artikel sinn ëch dohinner komm an daat hunn ëch mat der gewielten Iwerschrëft och ziemlich däitlich gemeet, an nit de Völkermord un de Judden duerch daat drëtt Räich!
Waat elo d'Nofroën ubelaangt: Ech ginn och an dem Punkt vun einfachen, allgeméng unerkannten an einleuchtende Prinzipien aus an denken: an deser Diskussioun sollt et esou sinn wéi och an aneren Diskussiounen an nit zuletzt viru Geriicht: Dejenigen deen eng Behaaptung opstellt (hei: denjenigen den behaapt huet, de Victor Bodson hätt säi Liewen riskéiert), muss se och beweisen, nit die aner him, dass hien Onrecht huet! Anescht ass et dach guer nit denkbar dass een iwerhappt eppes kritiséiere kann. Dann rezenséiert keen dem anere séng Artikelen méi, an ouni kritisch Reflektioun bleiwen souguer d'Texter vun Literaturnobelpreisträger ënnerduerchschnëttlich, wësse mir dach :-) Mee wie scho gesoot: den Holocaust ass nit mäin Thema. Sorry nach eng Kéier falls mir eis sollten an d'Hoer kruet hunn. War nit méng Absicht --Osbert 10:44, 12 Juli 2007 (UTC)