Diskussioun:Zäitgeschicht

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

De Begrëff ass deemno ee Kautschukbegrëff.

Jo dat stëmmt, en ass op jiddwerfall sou wéi en hei steet sou kautsch a knätschgummeg erkläert dat e ganze Koup hannen a vir net stëmmt, an dann och nach esou wéi wa Frankräich a Lëtzebuerg den nuebel vun der Zäitgeschicht wieren. Wat en Aarmut. --91.177.169.147 18:58, 9. Abr. 2018 (UTC)[äntweren]

Dat hei ass eng Wiki also Courage a probéiert den Artikel ze verbesseren.Robby (Diskussioun) 22:03, 9. Abr. 2018 (UTC)[äntweren]
A wa méiglech léiwer déi aner ustellen, wéi et selwer maachen. Wéivill Kabes muss deen Hobbyhistoriker nach vu sech ginn bis et mol engem Admin opfällt -- 91.177.169.147 13:40, 11. Abr. 2018 (UTC)[äntweren]
Lo ass et mol wéinstens richteg mat den anere Sprooche verlinkt. --109.129.206.254 11:10, 14. Abr. 2018 (UTC)[äntweren]
sécher fir prioritär déi rezentst Zäit (Eischte Weltkrich - Weimarer Republik - Drëtt Räich - Holocaust - Nokrichszäit - Kale Krich - Grënnung vun der BRD - asw.) z'erfuerschen.
Wat ons däitsch Nopere mengen ouni sécher ze sinn:
Zentrale Aufgabe des Instituts ist die wissenschaftliche Aufarbeitung der jüngeren deutschen Geschichte, wobei in seiner Anfangszeit die Epoche der nationalsozialistischen Herrschaft im Mittelpunkt stand.
A wat d'Fransouse soen, se schénge sech awer och net sécher ze sinn.
L'institut est spécialisé dans la recherche en histoire contemporaine allemande, notamment sur le nazisme
D'Institut gouf iwwregens anscheinend Enn der 40er gegrënnt an net an de 50er. Ech si mer awer och net sécher.
--109.129.206.254 15:41, 14. Abr. 2018 (UTC)[äntweren]

Etappeweis[Quelltext änneren]

Tëschent 1947 an 1952 gouf am deemolege Westdäitschland etappeweis en Institut für Zeitgeschichte gegrënnt.

Wann dat sou ass da misst een déi Etappen novollzéie kënnen. Op der Websäit vum Institut hunn ech näischt sou fonnt. Water gescheit Säite wësse méi doriwwer. Et wier flott wa bei sou Behaaptungen novollzéibar Quelle géife stoen. Et geet net duer dermat, datt all zweeten Dag iergendeng IP eppes anescht an den Artikel kniwwele kënnt. --Les Meloures (Diskussioun) 12:40, 15. Abr. 2018 (UTC)[äntweren]

JO! Etappeweis![Quelltext änneren]

Den Toun gëtt ëmmer méi rau... Mee, Här Les Meloures, "iergendeng IP" hëlleft awer gär weider, och wann dir mengt, fräi Mataarbechter wieren all Vandalen oder Idioten. Kuckt w.e.g. op de.wikipedia ënner "Institut für Zeitgeschichte : Geschichte", an da gitt der méi schlau. Bis dann, wann der nees mengt, datt der iwwer mech musst hierfalen, an dat souwuel am Toun wéi am Fong. Et gréisst iech ären ale Frënn Chris (iwregens keen "Hobbyhistoriker", wéi wuel de klenge Jean-Jacques, deen an der Geschicht awer wierklech net doheem ass, gemengt huet).


Moien och,

Et ass droleg datt wann een hei no Quellen an no deene verschidenen Etappe freet da kritt ee keng Äntwert do drop an gëtt engem e rauen Toun virgehäit an et kritt ee Geschichten aus der däitscher Wiki hei opgedëscht déi déi Behaaptung sollen ënnerstëtzen. An der de:wiki steet follgende Saz (wuertwiertlech geknäipt):

Das Institut wurde im Mai 1949 unter dem Namen „Deutsches Institut für Geschichte der nationalsozialistischen Zeit“ auf Anregung der Alliierten als Gemeinschaftsprojekt des Bundes und des Freistaats Bayern ins Leben gerufen. Seit 1952 ist es unter seinem heutigen Namen bekannt.

Do fannen ech keng Etappen an och näischt vun 1947. Den Datum 1947 ass iwwregens an deem ganzen däitschen Artikel neirens opzedreiwen.

Follgendes steet op der Webäit vum Institut:

Das Institut für Zeitgeschichte (IfZ) ist eine außeruniversitäre Forschungseinrichtung, die die gesamte deutsche Geschichte des 20. Jahrhunderts bis zur Gegenwart in ihren europäischen und globalen Bezügen erforscht. Gegründet wurde das IfZ 1949, um als erstes Institut überhaupt die nationalsozialistische Diktatur wissenschaftlich zu erschließen.

Och do vun 1947 keng Spur.

Ech wier da frou wann ee mech kéint op eng Säit verweisen wou ech den Ufanksdatum vun 1947 géif fannen, a wou och déi verschidden Etappen ze fanne sinn. Merci am Viraus.

De les Meloures dee sech net gär mat sou simple Behaaptunge veraaa... léisst. --Les Meloures (Diskussioun) 00:03, 22. Abr. 2018 (UTC)[äntweren]

1° datt de Les Meloures d'Feststellung, datt den Toun vun der GANZER Diskussioun hei, ëmmer méi rau gëtt, nëmme fir sech hëllt. Schlecht Gewëssen?

2° datt de Les Meloures, deen ëmmer sou prompt agräift, verbesseren an ergänze geet - meeschtens ze fréi, mee inhaltlech dach éischter gutt -, hei näischt fonnt huet a mengt, hie géif veraa... ginn. Verfolgungswahn? Hu Besseres ze dinn, wéi Leit ze veraa...! Si fräi, schaffe fräi a leeschte Bäiträg (exklusiv a Beräicher, wou ech mech auskennen), déi gutt gemengt sinn. Fir de Rescht, sorry, wa mäi Lëtzebuergesch net ëmmer de Regelen ëntsprécht (gi mer awer Méi) a wann ech definitiv kee grousse Spezialist vun der Informatik sinn. Mee ech loosse mer dofir net egal wat vun topege Bemierkunge gefalen, vu wiem och ëmmer!

Ech hunn dat heiten am Netz fonnt: "Schon 1947 gab es in der amerikanischen Zone Bestrebungen, ein 'Institut zur Erforschung der nationalsozialistischen Politik' zu gründen (...)". Vgl.: www.ifz-muenchen.de/das-institut/ueber-das-institut/geschichte/

Schéine Sonndeg a bis soss an enger Diskussioun!

"Iergend eng IP"

Bestrebungen[Quelltext änneren]

Mol éischtens: Ech huele guer näischt fir mech, ech stelle just fest. An hei stellen ech fest datt ech fir meng Froe keng korrekt Äntwert kréeien, an datt d'Bemierkung vu rauem Toun just no menger Nofro kënnt an och net vum Toun an der ganzer Diskussioun geschwat gëtt. Ech fannen den Toun iwwregens guer net rau, wann een iwwerhaapt vun Toun schwätze kann.

Ech hunn dat heiten am Netz fonnt: "Schon 1947 gab es in der amerikanischen Zone Bestrebungen, ein 'Institut zur Erforschung der nationalsozialistischen Politik' zu gründen (...)". Vgl.: www.ifz-muenchen.de/das-institut/ueber-das-institut/geschichte/

Ass domat e Grënnungsdatum bewisen. ???????? a wou sinn déi sougenannt Etappen. ????? --Les Meloures (Diskussioun) 08:45, 22. Abr. 2018 (UTC)[äntweren]

Et ass kee méi daf, wéi deen, deen net wëll héieren. 1947 ass den Ufank, zu engem Moment wou et nach keng Bundesrepublik gëtt. Da kommen e puer Initiativen, a schliesslech, 1952, d'Finaliséierung vun engem Institut, deen et bis elo nach ëmmer gëtt. Ass dat net eng Konstruktioun, déi "etappeweis" geschitt ass?

An Zukunft bleiwen ech wech vun den Diskussiounssäiten. Wa verschidde Leit mengen, d'Wikipedia wier HIR Enzyklopedie, dann ouni mech. Si fräi! IP

Effektiv et ass ganz penibel wann d'Leit ëm de Bréi schwätzen a keng kloer Äntwerte kënnen oder wëlle ginn.
Eng Gesellschaft, e Veräin oder en Institut huet normalerweis nëmmen ee Grënnungsdatum. Duerno gëtt et Etappen a senger Geschicht, wat awer net heescht datt et an Etappe gegrënnt gouf.
1952 war och net Finaliséierung, mä do krut et just säin haitegen Numm.
--Les Meloures (Diskussioun) 10:31, 22. Abr. 2018 (UTC)[äntweren]


An Zukunft bleiwen ech wech vun den Diskussiounssäiten
dat ass ëmmer eng gutt Léisung wann een net méi weider wees (méngt de klenge Jean-Jacques) --217.136.87.25 11:39, 22. Abr. 2018 (UTC)[äntweren]
verbesseren an ergänze geet - meeschtens ze fréi, 

Dann nach eng Kéier, vläicht scho fir siwenanzwanzegst: Wann déi Leit déi un en Artikel schaffe ginn net wëllen datt en anere soll ze fréi dru schaffe goen, da solle se wann ech gelift d'EnCours-Schabloun iwwer den Artikel setzen ier se ufänke mat schreiwen an déi sou laang stoe lossen, bis se färdeg sinn. --Les Meloures (Diskussioun) 08:52, 22. Abr. 2018 (UTC)[äntweren]


Absolut d'accord! Mee - och fir d'siwenanzwanzegst - et hält keen sech drunn! Vergläicht z. B. d'Versiounsgeschicht vum Artikel Charles de Gaulle, oder déi blockéiert Säit vum Adolphe Thiers. Wou soll do nach ee Loscht hunn, fir ze kontribuéieren??? - C. (15. Nov. 2018)

Moien. Ech hu mer d'Versioiunsgeschicht vum Artikel Charles de Gaulle ugekuckt. Ech gesinn net wat do am Sënn vun der Schabloun soll falsch gemaach gi sinn. Kënnt Dir Iech méi däitlech ausdrécken. --Les Meloures (Diskussioun) 11:04, 16. Nov. 2018 (UTC)[äntweren]
Nach eng Fro: wat sollten déi topeg Mumerotationszeeche bewierken. Sou Schülergespills soll ee sech hei spueren wann een eescht geholl soll ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 11:07, 16. Nov. 2018 (UTC)[äntweren]