Diskussioun:Zéisseng

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Misste mer net fir Quartieren eng eege Quartierstabell aféieren (ok, ech gesi schonn u weem et hänke bleiwe wäert, mee ech froen trotzdem)? --Otets 23:03, 9 November 2005 (UTC)

A vergiess d'Cité "Am Bain-Marie" zu Dénkert net!!! --Cornischong 00:34, 10 November 2005 (UTC)

Bei deene Quartieren, déi fréier eng eegen Uerschaft (oder Gemeng) waren, giff dat vläit goen, mee am Allgemengen sinn ech éischter skeptesch, ob dat vill Sënn mécht: déi meeschte Quartierën doruechter sinn (fréier onbewunnten) Flouernimm oder Lieux-ditë, d.h. mat éischter vage Grenzen, déi dacks kenger administrativer Organisatioun ënnerleien. Oder ee Flouernumm erstreckt sech monter iwwer méi Gemengen - ech soe just: Grondhaff ;-). Ganz dervun ofgesinn, dass et deem entspriechend, ofgesi vun e puer Ausnahmen, keen Zuelematerial wäer ginn iwwert Surface, Awunnerzuel, asw. Maache mer eis d'Liewen net onnëtz schwéier: Am Introsaz kann een dat jo och einfach ënnerbrengen ("Brill ass e Quartier/Flouernumm an den Uertschaften Esch-Uelzecht, Diddeleng, [a warscheinlech soss anzwouch])")

--Zinneke 09:18, 10 November 2005 (UTC)