Ditgesbaach (Ettelbréck)
Ausgesinn
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Ditgesbaach bei Ettelbréck. Fir déi am Gréngewald, kuckt wgl. Ditgesbaach (Steesel). |
| Längt | 2 km |
|---|---|
| Hydrographesche Baseng | Rhäin |
| Originn | |
| Originn | Quell |
| Plaz | Hobësch |
| Héicht | 349 m |
| Koordinaten |
49° 50’ 25.0’’ N 06° 07’ 13.46’’ O |
| Konfluenz | |
| Leeft an | d'Uelzecht |
| Héicht | 193 m |
| Koordinaten |
49° 50’ 43.5’’ N 06° 06’ 16.3’’ O |
| Haaptnieweflëss | 2 kleng Baachen ouni Numm |
| Geographie | |
| Land |
|
| Uertschaften | Ettelbréck |
|
| |
D'Ditgesbaach ass eng Baach am Südweste vun der Gemeng Ettelbréck, an ass déi lescht riets Niewebaach vun der Uelzecht, ier déi an d'Sauer leeft.
Et ass eng eppes iwwer 2 km laang Baach, déi tëscht der Nock an dem Léibierg vum Hobësch erof an d'Uelzecht fléisst. Si hëlt vu riets a vu lénks zwou kleng Baachen ouni Numm op.
Um gréissten Deel vun hirem Laf gouf 2023 ronderëm se d'Naturschutzgebitt Ditgesbaach ausgeruff.
Am Dall, op der Héicht vun der Kierfechtsstroos, béit se no Norden of a leeft an engem Kanal laanscht d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen bis an d'Uelzecht.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef mat hiren Anzuchsgebidder
