Dizzygood

Vu Wikipedia
Dizzygood
Cover vun Accept Your Destiny
Museksgenre Rock, Pop
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2004/2005
Trennung ?
Memberen Grënnungsmemberen:
Gilles Lanners (Keyboards), Aender de Marie (Gittar), Claude Stocklausen (Batterie), Mike Lenertz (Keyboards)
Spéider Memberen:
Véronique Dondelinger (Gesank), Gerard Baker (Bass)

Dizzygood war eng Rock-Pop Band vu Lëtzebuerg. Si gouf am Wanter 2004-2005 gegrënnt.

Der Band hir éischt CD Accept Your Destiny gouf am Oktober 2006 an de Waltzing-Parke Studios opgeholl. Nieft dem offiziellen Titelsong mam selwechten Numm zum Lëtzebuerger Film Psyclist enthält si och nach déi zwee aner Lidder Touch Me an Don't Let Me Stay This Way.

D'Debüt-Single Accept Your Destiny huet et bis op déi éischt Plaz am Eldoradio Chartbreaker gepackt.[1] De Video dovu gouf op de lokale Fernseestatioune gewisen, an et konnt ee sech en op der Grupp hirer Homepage eroflueden.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Kommentar op drummerforum.de: "Wir haben heute die Nummer 1 erreicht in den Charts des angesagtesten Radios in Luxemburg !" + Link op de Site vun Eldoradio