Django Unchained

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Informatiounen

Plakat DjangoUnchained.jpg

Film
Originaltitel: Django Unchained
Produktiounsland: USA
Première: 2012
Dauer: 165 Minutten
Originalsprooch: Englesch
(heiansdo Däitsch)
Equipe
Regie: Quentin Tarantino
Dréibuch: Quentin Tarantino
Fotografie: Robert Richardson
Musek: Ennio Morricone an 12 anerer
Produzent: Reginald Hudlin
Stacy Sher
Pilar Savone
Acteuren: Jamie Foxx als Django
Christoph Waltz als Dr. King Schultz
Leonardo DiCaprio als Calvin Candie
Kerry Washington als Broomhilda von Shaft
Samuel L. Jackson als Stephen
Zoë Bell als Tracker Peg
Laura Cayouette als Lara Lee Candie-Fitzwilly
Dennis Christopher als Leonide Moguy
Walton Goggins als Billy Crash
Dana Michelle Gourrier als Cora
Don Johnson als Big Daddy
Jonah Hill als Randy
Franco Nero als Amerigo Veseppi
Michael Parks als Oppasser
James Remar als Ace Speck
Quentin Tarantino als Minenoppasser
David Steen als Mr. Stoneshipher
Filmportal - Filmer no Joren
Film no Länner - Film no Genre

Django Unchained ass en US-amerikanesche Western vum Quentin Tarantino aus dem Joer 2012. An de Vereenegte Staaten ass de Film de 25. Dezember 2012 ugelaf, zu Lëtzebuerg de 16. Januar 2013[1]. Zu den Haaptacteuren zielen Jamie Foxx, Christoph Waltz, Leonardo DiCaprio a Samuel L. Jackson.

Wourëms geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

Den Dr. King Schultz ass e Kappgeldjeeër, deen de Sklav Django brauch fir dräi Männer ze fannen, op deenen hire Kapp e Präis ausgesat ass. Den Django erfëllt net nëmmen dës Aufgab zur Zefriddenheet, mä en erweist sech en plus als Naturtalent am Ëmgank mat Schosswaffen, sou datt den Dr. King Schultz him ausser der Fräiheet och nach ubitt, fir ee Wanter als säi Partner ze schaffen. Et stellt sech relativ fréi eraus, datt den Django mat enger Sklavin bestuet ass mam Numm Broomhilda von Shaft, déi Däitsch kann, wat den Dr. King Schultz, selwer vun Düsseldorf, erfreet an och réiert, sou datt e beschléisst nom Wanter dem Django ze hëllefe seng Fra ze fannen a fräi ze kréien. Déi gouf no engem Fluchtversuch op hirer Plantag un de räiche Calvin Candie verkaaft, dee se natierlech net ouni weideres nees géif hierginn, sou datt eisen Duo op en Trick zréckgräift: si gi sech vis-à-vis vum Candie als Intressente fir de Kaf vun engem Sklav fir Mandingo-Kämf aus, mam Hannergedanke fir dann "en passant" och nach d'Broomhilda fräizekafen. Deen Trick flitt awer op, an et kënnt zum Showdown an zwéin Akten.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

Den Tarantino verbënnt de Genre vum Italowestern, deen him scho länger Zäit um Häerz louch, mat deem vun de Blaxploitation-Filmer. Fir de Soundtrack huet e fir d'éischt Kéier net just Source-Musek geholl, mä sech och e puer Stécker extra fir de Film komponéiere gelooss, ënner anerem vun deem vun him veréierten Ennio Morricone.

Qsicon Achtung.png Opgepasst : De Schluss vun der Geschicht oder en Deel dovu gëtt hei verroden!

De Film ass net nëmmen, wéi vum Tarantino net aneschters z'erwaarden, (immens bluddeg) gutt Ënnerhalung, mä och nach e villschichtegt moralescht Léierstéck. Natierlech geet et ëm verschidde Forme vu Sklaverei a Viruerteeler, mä doriwwer eraus och nach ëm gréisste Rassismus tëscht Schwaarze selwer (de Stephen, awer och den Django a senger Roll als Mandingo-Expert), ëm d'Ëmbrénge vu Mäerder (den Django erschéisst e Familljepapp dee fréier Postkutschen iwwerfall huet), ëm d'Fro wéi vill Grausamkeet ee verschëllen däerf fir aner Grausamkeeten éierlech op en Enn ze bréngen (den Django luet op seng Schëlleren d'Zerbäisse vum Sklav D'Artagnan duerch Hënn, am Hibléck op d'Rettung vu senger Léift Broomhilda), an ëm d'Fro wéi reng engem säi Gewëssen nach ka si wann een duerch strikt éierlecht Handelen all aner éierlech Ziler riskéiert komplett ze verroden (den Dr. King Schultz bréngt et net fäerdeg dem Rassist Calvin Candie d'Hand ze ginn, wouduerch en u sech misst dovun ausgoen datt en den Django an d'Broomhilda mat grousser Wahrscheinlechkeet dem Doud ausliwwert).

Trivia[änneren | Quelltext änneren]

  • De Franco Nero, Haaptacteur am Originalfilm Django aus dem Joer 1966, huet e Cameo-Optrëtt als Sklavebesëtzer, deen un enger Bar e kuerzen Dialog mam Jamie Foxx sengem Django féiert.
  • Déi am Film thematiséiert Mandingo-Gladiatorekämpf sinn zwar zanter laangem e Motiv vun der US-amerikanescher Populärkultur, mä absolut onhistoresch.
  • An enger Zeen spillt eng Fra op der Harf dem Beethoven säi Für Elise, obwuel de Film am Joer 1858 spillt a "Für Elise" eréischt am Joer 1867 verëffentlecht gouf, nodeem et am Beethoven sengen Ierfsaache fonnt gouf.
  • Am Film gesäit een och als Dekoratioun op der Candy Farm eng Kopie vun der Büst vun der Nofretete; dës gouf eréischt 1912 entdeckt an 1924 zu Berlin op der Museumsinsel ausgestallt.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

  • Hollywood Film Festival 2012: beschten Dréibuchauteur ass de Quentin Tarantino.
  • National Board of Review Award 2012: beschten Nieweschauspiller ass de Leonardo DiCaprio.
  • Golden Globe Awards 2013: beschten Nieweschauspiller ass de Christoph Waltz, an dat bescht Filmdréibuch kënnt vum Quentin Tarantino; nominéiert waren nach den DiCaprio als Nieweschauspiller, den Tarantino als Regisseur an de Film selwer als bescht Filmdrama.
  • Oscar-Nominéierungen 2013: beschte Film, bescht Originaldréibuch, beschten Nieweschauspiller (Christoph Waltz), bescht Kamera, beschten Toun.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Filmer vum Quentin Tarantino
Regie
My Best Friend's Birthday | Reservoir Dogs | Pulp Fiction | Four Rooms | Jackie Brown | Kill Bill | Grind House | Inglourious Basterds | Django Unchained
Dréibuch
True Romance | Natural Born Killers | From Dusk Till Dawn

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Django Unchained op cinenews.lu