Doléiner

Vu Wikipedia
Zu New York waarden Doléiner fir vun engem Patron ugeheiert ze ginn, August 2006

En Doléiner ass eng Persoun, déi keng fest Aarbechtsplaz huet, mä sech ëmmer nees bei neie Patronen, meeschtens an der Landwirtschaft nei Aushëllefsaarbechte siche muss.

Den Numm kënnt dohier, datt Doléiner net op d'Stonn, mä op den Dag bezuelt goufen. Si hunn zu Lëtzebuerg meescht um Land gelieft, an do op den Häff gehollef, wann et vill Aarbecht matenee gouf, z. B. beim Plouen, dem Karschnatz oder soss Rekolten, oder beim Dreschen.

Haut gëtt de Begrëff zu Lëtzebuerg net méi gebraucht, et gëtt éischter vu Saisonsaarbechter geschwat, déi dacks aus Osteuropa kommen, a bei der Rekolt oder der Drauwelies fir e puer Wochen hëllefe kommen.