Dolmetscher
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |

En Dolmetscher oder eng Dolmetscherin ass eng Persoun, déi dolmetscht, dat heescht déi déi geschwate Kommunikatioun oder Kommunikatioun an Zeechesprooch vun enger Ausgangssprooch an eng Zilsprooch iwwerdréit. Déi Aktivitéit gëtt meeschtens als Beruff ausgefouert.
D'Persoun, déi geschriwwen Texter vun enger Sprooch an déi aner iwwerdréit, heescht Iwwersetzer.
De Begrëff "Dolmetscher" kënnt warscheinlech aus der Sproochefamill vun den Turksproochen. Do gëtt et d'Wuert tılmaç, dat awer och selwer eventuell aus enger anerer Sprooch iwwerholl gouf.[1],[2] Och an aneren europäesche Sprooche gëtt et änlech Wierder, wéi am Sloweeneschen (tolmač), am Serbeschen/Kroateschen/Bosneschen (тумач/tumač), am Polneschen (tłumacz), am Tschecheschen (tlumočník), am Ukraineschen (тлумач oder och товкмач) an am Rumäneschen (tălmaci).
2018 hunn an der Europäescher Unioun ronn 180.000 Dolmetscher geschafft, wat deemools 0,1 % vun alle Leit mat enger Aarbecht representéiert huet.[3]
Zu Lëtzebuerg vertrëtt de Lëtzebuerger Iwwersetzer- an Dolmetscherverband (ALTI) d'Interesse vun den Iwwersetzer.[4]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Dolmetscher – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (de)Über die Herkunft des Wortes „Talmatsch“. Goethe Institut Bulgarien. Gekuckt de(n) 22. Januar 2025.
- ↑ (de)Dolmetscher, der. Digitales Wörterbuch der deutschen Sprache (DWDS). Gekuckt de(n) 22. Januar 2025.
- ↑ (en)How many translators and interpreters are in the EU?. Eurostat (30. September 2019). Gekuckt de(n) 22. Januar 2025.
- ↑ Den offiziellen Numm ass Association luxembourgeoise des traducteurs et interprètes, mee d'Statute nennen och de lëtzebuergeschen Numm an den däitschen Numm (Luxemburger Übersetzer- und Dolmetscherverband). Websäit: www.traducteurs-interpretes.lu.