Dominique Moes

Vu Wikipedia
Dominique Moes
Gebuer 1. Abrëll 1894
Beetebuerg
Gestuerwen 3. Abrëll 1945
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

Den Dominique Moes, gebuer den 1. Abrëll 1894 zu Beetebuerg, a gestuerwen den 3. Abrëll 1945, war e lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.[1]

Hien huet bis 1916 an der Ruhr geschafft,spéider op der Hollerecher Schmelz. Hie war staark an der Aarbechterbeweegung engagéiert a bei der Organisatioun vun deem engen oder anere Streik, mat vir bäi, sou wéi och beim Opbau vum BMIAV.

1924 gouf hien an den Déifferdenger Gemengerot gewielt, an 1929 an dee vun der Stad Lëtzebuerg.

Hie war kuerz, vun 1931 bis 1932, Deputéierte fir d'Lëtzebuergesch Aarbechterpartei an der Chamber, huet do säi Mandat missen opginn, wéi en d'Florence Erpelding, d'Duechter vum Franz Erpelding, bestuet hat. Hie gouf an der Chamber duerch de Venant Hildgen ersat.[2]


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell, wou net anescht uginn: Alex Bodry, Ben Fayot: 120 Jor Sozialistesch Deputéiert an der Lëtzebuerger Chamber. Dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des Députés. Éditions La Mémoire Socialiste, 2016, S.144.
  2. Chambre des députés an L'indépendance luxembourgeoise vum 8. November 1932 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 9. Februar 2022