Dormans
Ausgesinn
| |||||
|---|---|---|---|---|---|
D'Schlass vun Dormans | |||||
| Land | |||||
| Regioun | Grand Est | ||||
| Departement | |||||
| Arrondissement | Épernay | ||||
| Kanton | Dormans-Paysages de Champagne | ||||
| Postcode | 51700 | ||||
| Gemengecode | 51217 | ||||
| Koordinaten | 49° 04’ 38’’ N 03° 38’ 25’’ O | ||||
| Fläch | 2 258 ha | ||||
| Bevëlkerung | 2 919 (2018) | ||||
Dormans ass eng franséisch Gemeng am Departement Marne an der Regioun Grand Est.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]...

Dormans war am Éischte Weltkrich bei der Marne-Schluecht uerg zerstéiert ginn. D'Stad Lëtzebuerg huet sech de 14. August 1920 bereet erkläert, 45.000 Frang - ee Frang op de Kapp vu der Stater Bevëlkerung fir den Nees-Opbau ze spenden. De Gemengerot vun Dormans huet doropshin am Dezember 1920 d'Haaptplaz an der Uertschaft a Place de Luxembourg ëmgenannt. De 7. Mee 1922 war och e Vertrieder vun der Stater Gemeng - de Schäffen Dr. Razen - op Dormans invitéiert, wou e Monument aux morts ageweit gouf[1].
An der Stad Lëtzebuerg gëtt et eng Strooss vum Lampertsbierg erof an de Rollengergronn, déi Rue de Dormans heescht[2].
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Dormans – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Jean Ensch: "Le don de la Ville de Luxembourg à la ville de Dormans." ons stad Nr. 123, 2021, S.33-35.
- ↑ Decisioun vum Gemengerot vum 14. Juli 1930.

