Doudesstrof zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia

Zu Lëtzebuerg, wéi och soss an Europa, gouf bis an d'18. Joerhonnert net iwwer d'Doudesstrof diskutéiert. Si gouf an alle Länner applizéiert, a war dacks mat Folterunge verbonnen. Zu Lëtzebuerg goufen déi zum Doud Verurteelt duerch Erhänken, Käppen, Verbrennen oder duerch Erdrénken higeriicht.

D'Hiriichtungsmethode waren net bei all Geriicht déi selwecht an hunn och vum Delikt ofgehaange fir deen de Verurteelte sollt ëm d'Liewe bruecht ginn.

Um Geriicht zu Réimech war z. B. Follgendes festgehalen:

en cette haute justice, qui a son siège en amont de Remich, le criminel sera exécuté par le glaive, ou par la roue, ou par le feu, ou à la potence au moyen de la chaîne ou de la corde, ou par l'eau dans la rivière de la Moselle, de telle façon que le coupable trouvé et appréhendé en la haute justice et cour de Remich et sur le territoire en dépendant l'aura mérité.

No enger Ordonnance vum 9. Juli 1570, déi den Herzog vun Alba erausginn hat, gouf festgehalen, datt déi zum Doud Verurteelt misste bannent 24 Stonnen, nodeem d'Urteel gesprach war, higeriicht ginn. Am Artikel 45 stoung weider, datt d'Urteel op der Exekutiounsplaz misst virgelies ginn, afin que chacun en sache la cause, et qu'icelle serve d'exemple au peuple. Et war net erlaabt, d'Läichen ze begruewen, ausser et hat en ieweschte Riichter vun der Provënz d'Erlabnes dozou ginn.

Am Fall vu schwéierem Déifstall, Sakrileg, Fälschungen, enger Faillite frauduleuse, oder Publikatioune vun Diffamatiounen oder Beleidegungen, gouf d'Doudesstrof um Gaalgen applizéiert.

Am Fall vu Sodomie, Magie oder Zauberei huet de Verurteelte misse verbrannt ginn. A verschiddene Fäll gouf de Verurteelten erwiergt an duerno verbrannt, anerer koume lieweg op den Holzkoup.

Kandsmäerderinne goufe lieweg begruewen. Déi Strof, déi am alen däitsche Volleksrecht virgesi war, gouf vun der sougenannter Carolina (Constitutio Criminalis Carolina, peinliche Halsgerichtsordnung) iwwerholl, déi 1532 ënner dem Keeser Karel V., deen och Herzog vu Lëtzebuerg war, agefouert gouf. 1574 gouf d'Marieche vu Bauschelt, dat säi Meedercheskand nuets an ee Buer geworf hat, zu Arel lieweg ënner dem Gaalge begruewen. Änlech ergoung et enger Fra, déi 1580 och wéinst Kandsmuerd zu Virton lieweg begruewe gouf: „enterree toute vive et suffocquee en la fosse soubs le signe patibulaire“. Lieweg begruewe goufen och Fraen zu Gréiwemaacher (1555), Lëtzebuerg (1589), Dikrech (1594) a Réimech (1597).[1]

1795-1821[änneren | Quelltext änneren]

1795-1814 ënner franséischer Herrschaft[änneren | Quelltext änneren]

D'Guillotine vu Lëtzebuerg

Nodeem Lëtzebuerg 1795 vu franséischen Truppe besat gi war, ass d'Exekutioun vu Verurteelte mat der Guillotine gemaach ginn, an zwar op der Basis vun enger Entscheedung, déi fir de ganzen Département des Forêts, wéi Lëtzebuerg deemools geheescht huet, gegollt huet. Den éischten Asaz vun der Guillotine zu Lëtzebuerg war de 24. September 1798.

1799 goufe 14 Leit, déi um Klëppelkrich deelgeholl haten an zum Doud verurteelt gi waren, um Glacis guillotinéiert. Bis 1821 goufe 15 weider Persounen um Glacis an um Fëschmaart mat der Guillotine higeriicht.

Sou goufen den Henry Joseph Cornelis, Zaldot am 24 Régiment des chasseurs à cheval, a säi Brudder den Nicolas Joseph Cornelis, Bauer vu Piersamont, wéinst Muerd vum keeserleche Geriicht vu Metz den 19. Mee 1811 verurteelt an de 17. September 1811 higeriicht.

1814-1821 ënner hollännescher Herrschaft[änneren | Quelltext änneren]

Aus där Zäit sinn dräi Exekutioune vun der Doudesstrof bekannt. Déi zwee éischt Fäll waren den Hirsch an den Emanuel Hauser, déi vum ieweschte Geriicht vu Léck de 7. September 1816 verurteelt an den 18. Oktober 1816 higeriicht goufen. Am Extrait vun der Chambre d'accusation vum 12. Juni 1816 ass dat heiten ze liesen:

Attendu que lesdits Hirsch Hauser, Emanuel Hauser et Abraham Jacques Schwartz sont suffisamment prévenus, soit: d'avoir la nuit du dix-sept avril dernier, dans la Ville de Luxembourg commis volontairement et avec préméditation des homicides sur les personnes d'Anne Marie Virot, veuve de Michel Trausch, de Petrouille Trausch sa fille, et Pierre et Louis Trausch, ses fils, et d'avoir, à l'aide de ses assassinats soustrait frauduleusement de l'argent appartenant à ladite veuve Trausch.

Beim drëtte Fall dréint et sech ëm de François Hilbert, de Mëller vun enger Mille bei Schraasseg, dee seng Fra ëmbruecht hat.[2] Hie gouf zu Léck verurteelt, an den 20. Februar 1821 gekäppt. Am Extrait vun der Chambre d'Accusation vum 8. November 1820 ass dat heiten ze liesen:

Attendu que François Hilbert est suffisamment prévenu d'avoir, dans la matinée du quatorze mars 1820, avec préméditation, commis un homicide volontaire sur la personne de Marguerite Kunsch, son épouse, pour avoir à dessein, fait tomber sur elle la meule supérieure de son moulin, par suite duquel acte de violence, cette dernière a eu la tête écrasée et est morte à l'instant.

Dat war déi lescht Kéier, wou d'Guillotine an den Asaz koum.

1821-1979[änneren | Quelltext änneren]

An der Constitutioun vum 27. November 1856 goufen d'Bestëmmungen aus där vun 1848, an den Artikelen 18 an 118 iwwerholl, a bei der Constitutioun vun 1868 gouf näischt geännert, grad sou gutt wéi bei de Modifikatioune vun 1919, 1948, 1956 an 1972.

Déi Lëtzebuergesch Legislateure waren dräimol mat der Fro iwwer d'Doudesstrof befaasst:

  • bei der Aféierung vum Code pénal 1879
  • beim Ännere vun den Artikelen 8 an 9 am Code pénal vun 1948
  • bei der Ofschafung vun der Doudesstrof 1979

Aus der Zäit vun 1821 bis 1945 ass net bekannt, datt ee vun engem Zivilgeriicht Verurteelten higeriicht gouf.

1863 - 1900[änneren | Quelltext änneren]

D'Periode vun 1863 bis 1900 waren Zäiten, an deenen d'Kriminalitéit héich war.

Aus de Statistike geet ervir, datt tëscht 1863 an 1879 uechtzéng Persounen zum Doud verurteelt goufen a 15 Stéck liewenslänglech Zwangsaarbecht kruten, bei am Ganzen 188 Verurteelunge mat schwéiere Prisongsstrofen.

Tëscht 1879 an 1900 goufen nach 3 Persounen zum Doud verurteelt an 12 zu liewenslänglecher Zwangsaarbecht, bei 208 Verurteelunge mat schwéiere Prisongsstrofen. Datt an där Zäit manner Leit zum Doud verurteelt goufen, erkläert sech doduerch, datt am Code pénal vun 1879 d'Circonstances atténuantes agefouert gi waren.

Déi dräi Verurteelt waren:

  • Heiderscheid Anne, Wittfra vum Michel Stomp, verurteelt de 5. Juli 1881 a begnodegt de 7 September 1881.
  • Muller Jean, verurteelt de 5. Juni 1893 a begnodegt de 15. November 1893.
  • Stecker Pierre, verurteelt den 11. Juli 1899 a begnodegt den 23. Dezember1899

1900 - 1945[änneren | Quelltext änneren]

Aus der Zäit vun 1900 bis 1945 ass keen Doudesurteel bekannt.

Vun no der franséischer Revolutioun u bis 1945 war am Gesetz d'Käppen als Doudesstrof virgesinn.

1945 - 1979[änneren | Quelltext änneren]

Duerch en Arrêté grand-ducal vum 6. November 1944 iwwer d'Verbrieche géint déi baussenzeg Sécherheet vum Staat an duerch d'Gesetz vum 2. August 1947 iwwer d'Repressioun vun de Krichsverbrieche gouf d'Erschéissen als Doudesstrof agefouert an dat als Derogatioun zum Artikel 8 vum Strofrecht, dat deemools a Kraaft war.

Duerch d'Gesetz vum 2. Abrëll 1948 goufen d'Artikelen 8 an 9 vum Code pénal (den Artikel 9 war vum 16. Juni 1879) geännert, d'Erschéissen als Exekutiounsmethod gouf confirméiert an d'Doudesstrof brauch net méi an der Enceinte vum Prisong ausgefouert ze ginn, mä kann och op anere Plazen, déi vum Justizminister designéiert ginn, ausgefouert ginn.

Tëscht 1945 an 1979, wéi d'Doudesstrof ofgeschaaft gouf, waren am Ganzen 18 Leit zum Doud verurteelt ginn, dovu 4 däitsch Krichsverbriecher an 11 Kollaborateuren. Vun deenen 18 Verurteelte goufen der 9 higeriicht, 7 begnodegt an zwéi ware par contumace verurteelt ginn. Dat éischt Doudesurteel gouf de 4. Juni 1945 gesprach an d'Exekutioun dovu war den 30. Juni. Dat lescht gouf den 11. Februar 1958 gesprach an de Verurteelte gouf den 30. Mee dat selwecht Joer begnodegt.

Déi lescht Exekutioun zu Lëtzebuerg war de 24. Februar 1949 um Schéissstand am Reckendall. Et war en Nazikollaborateur, deen de 24. Mäerz 1948 zum Doud verurteelt gi war.[3],[4]

Däitsch Krichsverbriecher[änneren | Quelltext änneren]

Vun deene véier däitsche Krichsverbriecher Wilhelm Hillebrand, Fritz Hartmann, Adolf Raderschall an Herbert Dietrich, déi zu Lëtzebuerg zum Doud verurteelt gi waren, goufen der Ufanks der 1950er Jore dräi begnodegt an iwwer d'Grenz gesat. Den Adolf Raderschall war par contumace verurteelt ginn, well en net konnt fonnt ginn, an deemno net beim Prozess dobäi war.[5]

Kollaborateure mam Nazi-Regime[änneren | Quelltext änneren]

De Joseph Decker, Norbert Sinner, Antoine Thill, Damien Kratzenberg, Ferdinand Spierkel, Jean Koetz, Marcel Stirres, Égide Welter, Marcel Reuter, Albert Kreins, Léon Bisenius an Henri Rolgen goufen als Kollaborateure mat dem Nazi-Regime zum Doud verurteelt.[6]

Zanter der Aféierung vum Code pénal vun 1879 gouf et zu Lëtzebuerg just eng Exekutioun wéinst engem Urteel am Droit commun, d'Stroferliichterung duerch Begnodegung gouf praktesch automatesch ausgefouert. Et dréint sech dobäi ëm en Urteel vum 4. Mee 1948 dat de 7. August 1948 moies um véirel op fënnef duerch Erschéissen um Schéissstand am Reckendall ausgefouert gouf. Et huet sech dobäi ëm e 50 Joer ale gebiertegen Iewerlenger gehandelt, deen an der Lescht zu Steffeln an Däitschland gewunnt hat, a fënnef Leit ëmbruecht hat.[7]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Fënneffache Muerd um Wandhaff.

No 1979[änneren | Quelltext änneren]

D'Doudesstrof gouf eréischt 1979 ënner dem Kultur- a Justizminister Robert Krieps per Gesetz ofgeschaaft.[8]

Den 29. Abrëll 1999 gouf d'Lëtzebuerger Constitutioun geännert[9], soudatt d'Doudesstrof elo net méi per Gesetz agefouert ka ginn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Alphonse Spielmann, De la peine de mort au Luxembourg - La longue marche vers l'abolition; in Hommage à l'Athénée, Bd. IV vun de Festschrëfte 400 Joer Kolléisch; Lëtzebuerg (Saint-Paul), 2003; Ss. 237-246.
  • Andonovic Vesna: „Présentez armes. En joue. Feu!“ In Luxemburg gab es standrechtliche Erschießungen – ein Holzpfahl zeugt heute noch stumm davon Luxemburger Wort vum 4. September 2017, S. 14

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. J.A. Massard: Scheintod, Lebendigbegraben, Auferweckung von Toten in Luxemburg und anderswo. Lëtzebuerger Journal 2008, Nr. 215 (5. Nov.): 25. (Détailléiert Referenzen: PDF)
  2. Tony Jungblut: "Das Drama auf der 'Boh'mühle." In: Mord und Todschlag. Begleitband zur gleichnamigen Ausstellung des Historischen Museums der Stadt Luxemburg; Luxemburg, 10. Juli 2009 - 28. Mäerz 2010. (=Publications scientifiques du Musée d'Histoire de la Ville de Luxembourg, XIV), Luxembourg 2009, ISBN 978-2-919878-85-7, S. 166-181(fir d'éischt publizéiert an: Tony Jungblut: Luxemburger Pitaval. Luxemburg, 1938, S. 173-194; liicht iwwerschafft).
  3. Quell: Paul Cerf, 1999. Les 'Gielemännercher' n'étaient pas des oiseaux exotiques. In: Lëtzebuerger Almanach vum Joerhonnert 1900-1999: 276-287.
  4. Projet de loi N° 2199 vum 8 Juni 1978
  5. Adolf Raderschall, wärend der Besatzerzeit Vorsitzender des Sondergerichts und Standgerichtsbeisitzer; nach dem Krieg in Luxemburg - weil unauffindbar - in Abwesenheit zum Tode verurteilt,...Extrait aus dem Spiegelartikel Der Fenstersturz vun 1965
  6. Lëtzebuerger Almanach vum Joerhonnert 1900-1999 Edtions Guy Binsfeld pp276-287 Paul Cerf Les "Gielmännercher" n'étaient pas des oiseaux exotiques...
  7. Projet de loi 2199 vun 1978 + Rapport vum Conseil de l'Europe La peine de mort dans les pays européens vun 1962
  8. Loi du 20 juin 1979 portant abolition de la peine de mort. Memorial N°53 vum 04.07.1979: 1093.
  9. Loi du 29 avril 1999 portant révision des articles 18 et 118 de la Constitution. Memorial A N°49 vum 5. Mee 1999: 1174.